UnicefLiewensmëttel-Manktem breet sech ëmmer méi aus

RTL Lëtzebuerg
D’Covid-Pandemie bréngt weider Konsequenze mat sech, déi soziale Misär deels drastesch verschäerfen.

Bis Enn des Joers kéinten déi wirtschaftlech a sozial Suitten derzou féieren, dass weider méi wéi 6,7 Millioune Kanner net genuch z’iessen hunn.

Dat schreift d’UNICEF, an argumentéiert mat der Ënnerbriechung vu Liwwerketten, respektiv de Liewensmëttelpräisser, déi ferm geklomme sinn.

Weltwäit gesi wieren da bal 55 Millioune Kanner am Alter tëscht 0 a 5 Joer, akut ënnererniert. Déi allermeescht dovunner a Schwaarz-Afrika an an Südost-Asien.

Och aner Regiounen op der Welt kéinten an nächster Zukunft méi staark vu Liewensmëttel-Manktem betraff sinn.

Back to Top
CIM LOGO