Angela Merkel"Limitatioune bis 70 Prozent vun de Leit immun sinn"

RTL Lëtzebuerg
Limitatioune wéinst dem Coronavirus soll et der däitscher Bundeskanzlerin no esou laang ginn, bis 70 Prozent vun der Populatioun immun sinn.

Dat huet d’Angela Merkel ugekënnegt, wéi si op Froen vu Bierger geäntwert huet.

Et wéisst een aus aneren Pandemie, dass e Virus “méi oder manner” iwwerwonne wier, wann 60 bis 70 Prozent vun de Leit entweder duerch d’Krankheet oder duerch eng Impfung immun wieren.

Eréischt da kéint een all d’Aschränkungen ophiewen. “Bis dohi musse mir awer gewëssen Aschränkungen, déi de Virus fuerdert, liewen”, esou déi däitsch Kanzlerin Merkel.

Back to Top
CIM LOGO