Ausgangsspär a FermeturenLockdown an Éisträich vun en Dënschdeg un

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen, huet de Sebastian Kurz nei Restriktiounen annoncéiert.

“En Dënschdeg, den 3. November, 0.00 Auer, kënnt en zweete Lockdown an Éisträich”, sot de Kanzler e Samschdeg. Vun en Dënschdeg u gëllt vun owes 20 bis moies 6 Auer am ganze Land eng Ausgangsspär. Déi meescht Evenementer ginn ofgesot, Restauranten an Hoteller mussen zoumaachen, Sport- an aner Fräizäitaktivitéite sinn net méi erlaabt. Dat wärend engem Mount.

Och am private Beräich ginn et weider Restriktiounen. Et dierfe sech just nach Leit aus 2 verschiddene Stéit treffen.

D’Regierung huet iwwerdeems en Hëllefspak fir déi concernéiert Betriber annoncéiert, si sollen 80% vun hirem Ëmsaz an der selwechter Period vum leschte Joer kréien an d’Kuerzaarbecht gëtt erweidert.

Spillschoulen an de Fondamental bleiwen op, bei den héije Klassen am Lycée an och op den Universitéite muss no der Hierschtvakanz nees op den Distance-Learning zeréckgegraff ginn.

Wéi et vum Sebastian Kurz heescht, kéint een am Dezember schrëttweis ufänke mat engem Deconfinement. Et wier allerdéngs wichteg gewiescht, elo ze reagéieren. Wéi de Kurz e Samschdeg sot, wieren et “haart” Schrëtt, mä lescht Woch wieren d’Zuelen an Éisträich “bal schonn explosiounsaarteg” an d’Luucht geschoss. “Wa mir elo net handelen, wäert et zu enger Iwwerlaaschtung vun den Intensivstatioune kommen”, huet de Kanzler nach gewarnt.

Back to Top
CIM LOGO