De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet e Sonndeg de Moie kuerz no 10 Auer zu Conter seng Stëmm fir d’Europawalen ofginn. No sengem Vott huet de Luc Frieden betount, datt et e wichtegen Dag fir Europa a fir Lëtzebuerg wier, well et géing drëm goen, fir e ganze Koup Politikberäicher gemeinsam an Europa ze definéieren.
De Lëtzebuerger Premier hofft, datt déi proeuropäesch Parteien net nëmmen heiheem, mä och an Europa wäerte gewannen, fir datt sech Europa an de Beräicher Sécherheet a Wuelstand och an Zukunft positiv kéint entwéckelen.
Europa wier dann och déi eenzeg Alternativ zum Krich, wann een net géing zesumme schwätzen, da géing openee geschoss ginn, esou wéi een dat och elo an der Ukrain géing gesinn. Donieft wier et awer och esou, datt een a ville Beräicher amgaange wier, fir hannert China an den USA zeréckzefalen an dofir wier et wichteg, datt Europa net nëmme géing mat enger Stëmm schwätzen, mä och a ville Beräicher géing Fortschrëtter maachen. Am Fall, wou Europa géing auserneefalen oder méi schwaach géing ginn, da géing een nach méi Retarde géintiwwer China an den USA kréien an dat wier schlecht fir jiddereen, sou nach de Lëtzebuerger Premier um Dag vun den Europawalen.
An eisem Liveticker hale mir Iech de Ganzen Dag an och déi nächst Deeg um Lafenden.
Hei fannt Dir de kompletten Iwwerbléck vun den Europawalen.