Russescht Verméige fir d'Ukrain notzenLuc Frieden hofft op en Accord, fäert awer och méiglech Konsequenzen

Joel Detaille
Sascha Georges
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zesumme mam EU-Rotspresident Antonio Costa beim "EU-Western Balkan summit" zu Bréissel.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zesumme mam EU-Rotspresident Antonio Costa beim “EU-Western Balkan summit” zu Bréissel.
© DURSUN AYDEMIR/Anadolu via AFP

“Et ass eng extrem komplex Fro, well et nach ni virdrun geschitt ass, dass duerch eng politesch Decisioun, Staatsgelder engem Land ze Gutt géife kommen, déi engem Anere gehéieren.” Dat sot de Luc Frieden en Donneschdeg de Moien am Journal um Radio am Kontext vun dem EU-Sommet zu Bréissel, wou et jo ëm d’Fro geet, ob russesch Staatsgelder, déi hei an der EU stinn, kéinte benotzt ginn, fir der Ukrain ze hëllefen.

Lëtzebuerg ass prinzipiell der Meenung, dass een der Ukrain finanziell hëllefe sollt. Iwwert de Wee vum europäesche Budget wär dat méi schwéier, well do net all EU-Memberstaat dermat averstanen ass. Et géif Riske gi fir d’Eurozon, an déi misst een diskutéieren, well eng Decisioun just unanime kéint getraff ginn.

De Premier geet vun enger ganz schwiereger an technescher Diskussioun aus, hofft awer op en Accord. Et stéing ee weider kloer un der Säit vun Kiew. De Wolodymyr Seelenskyj ass bei der Reunioun um EU-Sommet en Donneschdeg dann och mat derbäi.

De Luc Frieden konnt en Donneschdeg de Moien iwwerdeems och confirméieren, dass hei zu Lëtzebuerg just ëmgerechent 10.000 Euro russesch Staatsgelder vun hirer Zentralbank bei der Clearstream deposéiert sinn.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Lëtzebuerger Premier

Luc Frieden iwwer EU-Sommet / Interview Sascha Georges

Back to Top
CIM LOGO