Wéinst Corona-PandemieLufthansa verléiert Plaz am däitschen Aktienindex

RTL Lëtzebuerg
D'Entreprise, déi zu den Grënnungsmembere vum Dax gehéiert, flitt elo eraus a gëtt un der MDax vun de mëttelgrousse Wäerter gelëscht.

Hannergrond ass d’Corona-Pandemie, wärend der d’Lufthansa-Aktien ëm bal 40 Prozent an de Keller gaange sinn. Dofir muss d’Fluchgesellschaft elo no 32 Joer hir Plaz am Dax raumen.

Amplaz kënnt d’Berliner Immobilière „Deutsche Wohnen”. Fir zum Krees vun den 30 Dax-Entreprisen ze gehéieren, muss den Ëmsaz op der Bourse, de Volume vum Marché an de Wäert op der Bourse stëmmen.

Back to Top
CIM LOGO