
E Sonndeg huet den Emmanuel Macron offiziell gréng Luucht ginn, fir datt Frankräich en net Schëff, op deem Fliger transportéiert kënne ginn an och starten a lande kënnen, ze bauen. Dës nei Konstruktioun soll den aktuelle Flugzeugträger"Charles de Gaulle”, deen nuklear ugedriwwe gëtt, ersetzen.
“An der Linn mat den zwee rezente Militärprogramm-Gesetzer an no detailléierten Analysen, hunn ech decidéiert, datt Frankräich en neie Flugzeugträger wäert kréien”, esou de Macron bei der Visitt vu franséischen Truppen an de Vereenegten Arabeschen Emiraten. Hie sot weider, datt d’Decisioun, fir dëse Projet ëmzesetzen, dës Woch geholl gouf.