
Eng vun de wichtegsten Ukënnegungen, déi och vill Fransousen erwaarden, ass déi vun der neier Regierung. Den Emmanuel Macron huet awer elo annoncéiert, datt déi aktuell Minister nach bis “Mëtt August” wäerten am Amt bleiwen. Hie wéilt keng nei Ministere benennen, éier d’Olympesch Spiller eriwwer sinn. “Mir sinn aktuell net an enger Situatioun, an där mer Saache kënne wiesselen, well mer doduerch Onuerdnung géif kreéieren”, esou de President, dee vun enger “Trêve Politique” also eppes wéi enger “politescher Wafferou” geschwat huet.
Weider huet de Macron gesot, datt bei de leschte Wale “kee gewonnen” huet, mä hien huet awer och d’Néierlag vu senger Partei, déi d’Majoritéit jo verluer huet, agestanen. Datt den Nouveau Front Populaire, déi als Stäerkst aus de Walen erausgaange sinn, awer sech elo an der Majoritéit gesinn, gesäit de President vun der Republik net esou. Datt hätt ee gutt gesinn, wéi de Kandidat vum NFP André Chassaigne bei der Wiel zum President vun der Assemblée nationale géint d’Yael Braun-Pivet, déi aus de Reie vum Macron kënnt, verluer huet. Dowéinst wier et och aktuell net de Moment, datt den Nouveau Front Populaire méiglech Nimm nennt fir eng spéider Premierministesch. Den NFP hat nämlech gefuerdert, datt d’Lucie Castets dëse Poste sollt kréien.
Dogéint huet den Emmanuel Macron verschidde Sujeten a Proposen, déi vun de rietse Parteie koumen, net esou schlecht fonnt. “Déi ginn an déi richteg Richtung”, esou de Macron, deen och agestanen huet, datt säi Land verschidde Problemer huet, ënner anerem beim Accès zu den ëffentleche Servicen oder dem Gesondheetswiesen.
Ob d’Olympesch Spiller ugeschwat, sot de Macron, datt Frankräich am Medailespigel misst an den Topp Fënnef landen. An op d’Fro, ob d’Céline Dion bei der Erëffnungszeremonie dobäi wier, gouf et kee Jo, mä och keen Nee. “Dat wier formidabel”, sot de Macron, deen “immens glécklech wier”, wann d’Sängerin géif optrieden.