
D’Zuele vun den Neiinfektioune klammen ëmmer weider a virun allem an de Spideeler gëtt et esou lues voll. Och d’Restriktioune ginn entspriechend ugepasst. An dat mat méi oder wéineger Versteesdemech vun der Populatioun. D’Maxime Gillen mat engem internationalen Iwwerbléck vun der Situatioun.
An Däitschland goufen en Dënschdeg de Moie gutt 11.000 Neiinfektioune bannent engem Dag gemellt. Ëmmer méi Bezierker passéieren d’Grenz vu 50 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner iwwer 7 Deeg. Vun deem Moment u gëllen an där Regioun jo dann och méi streng Restriktiounen. D’Bezierker, déi u Lëtzebuerg grenzen, sinn iwwerdeems alleguer scho bei Wäerter vu méi wéi 50. Antëscht läit och Berlin komplett iwwert där Grenz. Genee wéi Bremen, Hamburg an d’Saarland. Hessen an Nordrhein-Westfalen sti kuerz virdrun, als éischt gréissert Bundesland integral dës kritesch Grenz z’erreechen. E Mëttwoch soll déi däitsch Kanzlerin da per Videokonferenz mat de Ministerpresidenten aus de Länner zesummekommen, fir iwwer nei national Mesuren ze diskutéieren.
Ma och aus Frankräich koumen e Méindeg den Owend alarméierend Zuelen. Méi wéi 1.300 Corona-Patiente goufen hei bannent engem Dag an d’Spidol ageliwwert. Esou vill wéi zanter Ufank Mee net méi. Aktuell géife knapp 18.000 Covid-19-Patienten a franséische Spideeler behandelt ginn. Dat sinn der wuel nach wesentlech manner wéi am Abrëll, deemools waren et gutt 32.000 Patienten. Ma gläichzäiteg mellt de franséische Gesondheetsministère 26.700 Neiinfektioune bannent 24 Stonnen. Am Hexagone ass deemno mat neie Mesuren ze rechnen, wéi den Inneminister Gérald Darmanin en Dënschdeg de Moien am Interview op FranceInter erkläert huet.
De President Emmanuel Macron kënnt déi nächst 2 Deeg fir Reunioune mam Conseil de défense zesummen. Aktuell ginn 3 Zenarien diskutéiert. Entweder de komplette Lockdown oder lokal Confinementer a Regiounen, déi besonnesch betraff sinn oder sougenannt lokal an adaptéiert Confinementer. Dat géif da bedeiten, dass ënnert der Woch e Couvre-feu scho vun 19 Auer gëllt an de Weekend e komplette Lockdown. Dëst ass wuel déi warscheinlechst Optioun.
Och an der Belsch gëtt iwwer méi drastesch Mesuren diskutéiert. Am staark betraffene franséischsproochegen Deel vu Bréissel gëllt vun en Dënschdeg un nees en deelweise Lockdown. Am flamänneschen Deel kéint dëst no enger Krisesëtzung en Dënschdeg den Owend de Fall sinn. Bis elo wier versicht ginn, allgemeng Lockdown-Moossnamen ze verhënneren, ma dat kéint sech deemno nach änneren.
An Italien goufe scho méi streng Mesuren decidéiert. Zum Beispill musse Kinoen, Theater a Fitnessstudioen hir Dieren op en Neits fir ee Mount zoumaachen. A fir Restauranten a Bare gëllt eng Spärstonn vu 18 Auer un. Dausenden Italiener sinn e Méindeg den Owend dowéinst op d’Strooss gaangen, fir géint dës Mesuren ze protestéieren. Deels sinn d’Demonstranten och mat de Forces de l’ordre unenee geroden.
Positiv Noriichte kommen dogéint aus Indien. Hei ass d’Zuel vun den Neiinfektioune bannent engem Dag esou déif wéi zanter dräi Méint net méi. E Méindeg goufen hei gutt 36.000 Leit positiv op de Virus getest. Am September waren et der nach bal 100.000.
Och zu Hongkong kann e bëssen opgeotemt ginn. En Deel vun de Restriktiounen, déi zanter Juli gëllen, ginn hei erëm opgehuewen. Zum Beispill dierfen d’Leit elo erëm op d’Plage a vun e Freideg un och erëm a Caféen a Restauranten.
