
De Video, dee 14 Minutte laang dauert, soll fir e puer Stonnen op Youtube ze gesi gewiescht sinn a wier an där Zäit méi wéi 5.000 Mol gekuckt ginn.
Am Video huet hie säin Numm genannt an ënnert anerem och Menacë géint verschidden US-Autoritéiten an och de President Joe Biden ausgeschwat. D’Police huet den 32 Joer ale Mann mëttlerweil festgeholl.