
E Sonndeg konnt d’Police op der BAB 64 wärend enger Grenzkontroll e Mann aus Moldawien verhaften.
De Mann war onerlaabt aus dem Grand-Duché agereest a gouf mat engem Haftbefeel vum Parquet vu Wiesbaden gesicht, dat wéinst Déifstall .
Hie konnt d’Geldstrof vun 1.350 Euro net bezuelen a koum dowéinst an de Prisong. Nodeems e seng Strof vu 45 Deeg ofgesiess huet, ginn dann d’Ëmstänn vu senger Openthaltsgeneemegung gekläert.