Frankfurter FlughafenMann, dee Leit ëm Millioune soll bedrunn hunn, festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Den 48 Joer ale presuméierte Geldwäscher soll tëscht 2008 an 2015 an den USA eng 1.400 Mënschen ëm hir Sue bruecht hunn.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Rob Carr

De Mann, deen der Police um Frankfurter Flughafen e Méindeg an d’Netz gaangen ass, war mat engem internationalen Haftbefeel gesicht. Duerch falsch Rechnunge soll hien un 1,2 Millioune komm sinn. Um Flughafe gouf hie festgeholl a koum duerno an d’Ausliwwerungshaft.

Dem Mann gëtt virgeworf, fiktiv Firme gegrënnt ze hunn a Rechnunge fir Reklamm-Servicer ausgestallt ze hunn, déi hien ni erbruecht hätt. Zu den Affer gehéiere kleng Betriber, Kierchen a medezinesch Servicer, déi de Mann ënnert anerem duerch permanent Uriff ënner Drock gesat soll hunn, d’Suen trotzdeem ze iwwerweisen.

Méi wéi dräi Joer hat Interpol nom Mann gesicht. E Méindeg hunn d’Beamten hien dunn op enger Rees vu Montreal a Kanada op Sofia a Bulgarien gestoppt. Bis zu 25 Joer Prisong kéinten him an den USA bléien, esou d’Bundespolice zu Frankfurt.

Back to Top
CIM LOGO