Affer no Trennung liewensgeféierlech blesséiertMann vun Tréier wéinst versichtem Mord un Ex-Frëndin ugeklot

RTL Lëtzebuerg
Am Mee zejoert hat en 43 Joer ale Mann seng 26 Joer al Ex-Frëndin an der gemeinsamer Wunneng an der Saarstraße zu Tréier attackéiert a liewensgeféierlech blesséiert.
© Foto von HARALD TITTEL / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

De Parquet vun Tréier huet en 43 Joer ale Mann wéinst versichtem Mord a geféierlecher Kierperverletzung beim Landesgeriicht Tréier ugeklot. Wéi d’Ermëttlunge vun der Kriminaldirektioun zu Tréier erginn hunn, soll de Mann seng deemoleg frësch Ex-Frëndin uerg blesséiert hunn.

Den Ugekloten an d’Affer, eng 26 Joer al Fra, hate kuerz no hirer Trennung nach zesummen an der Saarstraße zu Tréier gelieft. De 25. Mee 2025 soll de Mann dann owes an d’Zëmmer vu senger Ex-Frëndin gaange sinn, wou hie mat kierperlecher Gewalt a mat Hëllef vun engem Géigestand d’Fra aus dem Näischt soll attackéiert hunn. Dobäi soll hie si och gewiergt an hir eng Rei bluddeg Stéch- a Schnëttblessuren zougefüügt hunn. No senger Dot hätt hien d’Wunneng verlooss an d’Fra mat de liewensgeféierleche Blessuren zréckgelooss.

Duerch en Hiweis vun engem Zeie war d’Police an d’Wunneng komm, déi do déi schwéier blesséiert Fra fonnt huet. Si gouf mat der Ambulanz an d’Spidol bruecht a gouf do dann och noutoperéiert.

Ufank Juni gouf de Mann, dee mat engem europäeschen Haftbefeel gesicht gouf, an Holland festgeholl an de 26. August zréck an Däitschland ausgeliwwert. Do ass hien zanterhier an Untersuchungshaft. Den éischten Dag vum Geriichtsprozess ass fir den 10. Februar ugeluecht.

Back to Top
CIM LOGO