
D’Marine Le Pen dreet esouguer mat engem Enn vun der gemeinsamer Fraktioun am EU-Parlament.
“Ech si ganz a guer net averstane mat de Proposen, déi bei dësem Rendezvous sollen diskutéiert gi sinn”, sot d’Marine Le Pen op d’Rumeuren zu Pläng fir eng “Remigratioun”.
Weider betount déi franséisch Politikerin, datt gepréift misst ginn, “ob sech doraus Suitten erginn” fir déi gemeinsam Fraktioun am EU-Parlament. “Mir wäerten iwwer dës immens grouss Meenungsdivergenze schwätze mussen”, sou d’Le Pen, déi 2027 fir déi 4. Kéier fir d’Presidentschaftswalen a Frankräich kandidéiere wëll.
De rietspopulistesche Rassemblement National (RN) hätt der Politikerin no “ni eng Politik vun der ‘Remigratioun’ verdeedegt, mat där, Mënschen déi franséisch Nationalitéit entzu kréichen, déi si kritt hunn, och wa mir d’Konditioune fir hiren Erhalt kritiséieren”.
D’AfD an den RN gehéieren zu der Fraktioun “Identitéit an Demokratie” am EU-Parlament.