BelschMaskeflicht op ëffentleche Plazen a verstäerkt Policekontrollen

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdeg u muss een an der Belsch op ëffentleche Plazen eng Mask undoen.

Dozou gehéieren ënnert anerem och Mäert an Akafsstroossen. Wou d’Maskeflicht genee gëllt, decidéieren déi eenzel Gemengen. Dat huet déi belsch Premierministesch en Donneschdeg de Mëtteg annoncéiert.

Déi fënneft Phas vum Deconfinement géif elo nach net lancéiert ginn, esou d’Sophie Wilmès. Dat well d’Infektiounszuelen och an der Belsch déi lescht Wochen erëm geklomme sinn.

D’Maskeflicht gëllt iwwerdeems och a Caféen a Restauranten, ausser wann een um Dësch sëtzt. Gäscht mussen dann och eng Handysnummer oder eng E-Mail-Adress hannerloossen, fir den Tracing méi einfach ze maachen.

Ausserdeem géifen d’Policekontrolle verstäerkt ginn.

Back to Top
CIM LOGO