BayernMaterial vu Corona-Noutfall-Spidol wärend illegaler Party zerstéiert

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg hunn eng Partie Leit zu Gauting bei München zesumme gefeiert an dobäi Deeler vum Lager fir Katastrophefäll futti gemaach.

Eng 200 Persounen hu fir Halloween op engem Terrain vum Asklepios-Spidol zesumme gefeiert, obwuel dëst wéinst de Corona-Restriktiounen net erlaabt ass. Am Laf vum Owend gouf wärend der Feier Material zerstéiert a geklaut, dat fir eng Corona-Noutfall-Klinick gelagert gëtt. Dorënner Matrassen, Bettgezei a Better, sot de Spidoolsmanager.

Eréischt wéi d’Party bal eriwwer war, huet d’Police den Terrain ëmstallt gehat. 15 vun den 200 Gäscht konnten ermëttelt ginn.

Eng weider Party huet d’Police Bayreuth missen opléisen. Party-Gäscht haten an enger Stretch-Limousine géint d’Corona-Reegele verstouss. Dräi Männer an eng Fra aus dem Landkrees Kulmbach wollten op dës Manéier déi aktuell Restriktiounen ëmgoen. Fir ongestéiert feieren ze kënnen, hat ee vun de Männer d’Limousine mat Chauffer zu Nürnberg gelount.

Back to Top
CIM LOGO