
Wuel wär a villen europäesche Länner d’Loftqualitéit besser ginn, well ënnert anerem manner Auto gefuer gëtt. Op der anerer Säit wär awer de Verbrauch vu Plastik geklommen.
“D’Pandemie féiert zu enger plëtzlecher Hausse bei der weltwäiter Nofro no perséinlecher Schutzausrüstung wéi Masken, Händschen an Desinfektiounsmëttel a Fläschen”, sou d’EEA weider.
Donieft hätte sech vill Restauranten an Europa op Take-Away a Liwwerservicer mat Plastiksgeschier agestallt. Och vill Produiten, déi online kaaft a verschéckt ginn, sinn a Plastik agepaakt.
