Korrespondenz vu LondonMéi Steieren, ma och méi en héije Mindestloun goufen ugekënnegt

Sophie Britz
D'brittesch Bierger sinn onzefridden an ënnersträichen, dass d’Ministesch se hannergaangen hätt.
Rachel Reeves
Rachel Reeves
© AFP

Korrespondenz vu London Sophie Britz

D’lescht Woch gouf de Staatsbudget op der brittescher Insel public gemeet. Dëst huet sou munch Auswierkungen op déi nächst fënnef Joer, och wann d’Zuelen op den éischte Bléck net all ze schlecht gewierkt hunn.

D’brittesch Finanzministesch Rachel Reeves sot an hirer Presentatioun, dass de Budget sollt fir fair Besteierung, e staarken ëffentlechen Déngscht an eng stabel Ekonomie stoen.
Eng vun de wichtegsten Decisioune betrëfft d’Steieren.

Zanter 4 Joer gëllt am Vereente Kinnekräich e sougenannte “fiscal drag”, wat mat sech bréngt, dass den Eenzelen an eng méi héich Steierklass kënnt, wann e méi an der Pai kritt.
Virun 2021, war et esou, dass d’Steiere gehéicht goufen am Aklang mat der Inflatioun.

Et gëtt domat gerechent, dass des Mesure dem Staat em 23 Milliarden Pond brénge wäert bis 2030.

Donieft gouf och ënnerstrach, dass de Wuelstand muss ënnerstëtzt ginn. Dëst kéint paradox klengen, wann een d’Steiergelder am Hannerkapp behält. Ma et gëtt geschat, dass bis 2029 d’staatlech Ausgabe bis zu 32 Milliarden Pond d’Joer méi héich wäerten ausfalen wéi bis ewell.

De Mindestloun soll gehéicht ginn: fir Leit iwwer 21 Joer wäert de Stonneloun em 50p op 12.71£ an d’Luucht goen. Fir déi méi Jonk tëscht 18 an 21, wäert de Mindestloun op 10.85£ d’Stonn klammen.

De Budgetsplang huet allerdéngs och fir vill Kritik gesuergt. D’brittesch Bierger sinn onzefridden an ënnersträichen, dass d’Ministesch se hannergaangen hätt. D’politesch Oppositioun ass och net zefridden an huet souguer de Récktrëtt gefuerdert. Dem Nigel Farage seng Reform UK Partei huet den Nationalen onofhängegen ethesche Conseiller ugestallt eng Evaluatioun duerchzeféieren, fir ze préiwen, ob d’Finanzministesch de code ministériel net respektéiert hätt. Déi Konservativ hunn d’Fra accuséiert, d’Leit bedrunn ze hunn.

Am Mee nächst Joer sinn op der Insel Kommunalwalen an da kéint et enk gi fir dem Keir Stamer seng Labour Partei.

Back to Top
CIM LOGO