
An Däitschland souz d’Regierung en Donneschdeg mat deene Responsabelen aus den eenzele Bundeslänner zesummen, fir zukünfteg Coronavirus-Mesuren ze koordinéieren. Bis Enn dës Joers sollen deemno keng grouss Evenementer méi dierfen organiséiert ginn, bei deenen et net méiglech ass d’Hygiènesreegelen anzehalen. Volleksfester, Sportsevenementer mat Publikum, Concerten, Festivallen an Änleches sollen also weider verbuede bleiwen. Eventuell kéint et awer zu Ausname kommen, fir déi Regiounen an deenen d’Infektiounszuelen niddreg sinn.
Ausserdeem solle Leit, déi sech net un d’Maskeflicht halen, an Zukunft op d’mannst 50 Euro Strof musse bezuelen.
Aktuell ginn an Däitschland eng 1.500 Nei-Infektioune mam Coronavirus den Dag gezielt. Dat ass deen héchsten Niveau zanter Enn Abrëll.
Zu Berlin ass de Protest grouss, nodeems d’Police eng Rei Demonstratioune vu sougenannte „Querdenken-Initiativen“ fir dëse Weekend net accordéiert huet. Doropshi wiere bei der Police méi wéi 4.000 Demandë fir weider Demonstratiounen agaangen.
Grond fir de Verbuet wier iwwerdeems, dass sech bei änlechen Demonstratioune rezent bewosst net un d’Hygiènesreegele gehale gi wier, esou eng Porte-Parole vun der Police.
En Donneschdeg wier dann och eng dréngend Demande beim Berliner Verwaltungsgeriicht agaangen, fir de Verbuet vun der Demonstratioun vun der „Initiativ Querdenken 711“ opzehiewen.
