
Zu der Demonstratioun an der ungarescher Haaptstad hat den Oppositiounsleader Peter Magyar opgeruff, deem seng Partei Tisza virun der Parlamentswal am Fréijoer an de Sondagë vir louch. De Magyar huet d’Manif ugefouert an hat e Banner mat de Wierder “Loosst eis Kanner schützen”.
“Normalerweis géing eng Regierung an esou engem Fall gestierzt”, sot e 16 Joer alen Demonstrant der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. “Fir si sinn net d’Mëssbrauchsfäll de Problem, mä, datt se opgedeckt goufen”, sot hie mat Bléck op d’Regierung.
Den ungaresche Ministerpresident Orban no wier de Kannerschutz ëmmer seng héchst Prioritéit gewiescht, zanterdeem hien 2010 un d’Muecht koum. An de leschte Jore ass seng Regierung awer duerch eng Rei Mëssbrauchsskandaler ënner Drock geroden.
An engem Regierungsrapport vun 2011, deen Tisza-Partei e Freideg verëffentlech huet, war wäitverbreete Mëssbrauch a Kannerheemer festgestallt. Doran ass rieds vu ronn 3.000 presuméierte Mëssbrauchsfäll an ungaresche Kannerheemer. Dës entsprécht méi wéi engem Fënneftel vun alle Mannerjäregen a staatleche Strukturen. 2022 gouf de Rapport un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet, “fir hir Aarbecht z’ënnerstëtzen”, wéi den Inneministère an engem Schreiwes erkläert huet.
Zulescht hat en neie Fall vu Gewalt an engem Jugendprisong zu Budapest fir e Skandal gesuergt. Op Opname vun enger Iwwerwaachungskamera war ze gesinn, wéi den Direkter vum Prisong e Jong géint de Kapp gerannt huet. Véier Mataarbechter waren Ufank der Woch verhaft ginn an d’Regierung huet all Strukture vun där Aart ënner polizeilech Opsiicht gestallt.l Scho virdru waren dräi weider Mataarbechter festgeholl ginn, dorënner ee fréieren Direkter, dee Chef vun engem Prostitutiounsréng soll sinn.