Hoffnung fir d'GazasträifMéiglechen Duerchbroch bei Gespréicher iwwer Wafferou?

RTL Lëtzebuerg
Den US-Ausseminister Anthony Blinken gesäit an den aktuelle Gespréicher iwwert eng Wafferou an der Gazasträif e méiglechen Duerchbroch.
© afp

Et wier awer vläicht déi lescht Chance fir esou en Accord, betount den demokratesche Politiker. Bei senger Visitt zu Tel Aviv an Israel e Méindeg huet hie wësse gedoen, dass Eskalatiounen a Provokatiounen onbedéngt solle verhënnert ginn. Virun allem dorunner géing elo geschafft ginn. Soss wier en Accord och net méiglech.

Op dëser Visitt krut den Anthony Blinken och vum israeelesche President Jitzchak Herzog Merci gesot, fir d’Ënnerstëtzung säitens den USA.

E Méindeg trëfft den US-Ausseminister zu Tel Aviv och den israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu. Muer reest hien da weider an Ägypten. Zu Kairo gëtt iwwerdeems weider iwwert eng Wafferou verhandelt. Am Laf vun der Woch sollen d’Negociateuren aus ënnert anerem den USA, Ägypten an dem Katar zesumme kommen.

Back to Top
CIM LOGO