Am GuatemalaMembere vu Banden huelen a Prisongen iwwer 40 Giischtercher als Geisel

AFP, iwwersat vun RTL
Well Banden-Cheffen an een Héichsécherheetsprisong verluecht goufen, hunn inhaftéiert Membere vu Banden an enger Rei Prisongen am Guatemala iwwer 40 Giischtercher als Geisel geholl.
Foto handout del ministerio de Interior de Guatemala donde se ve el traslado de pandilleros a la cárcel de máxima seguridad Renovación I, en Escuintla, Guatemala, el 10 de noviembre de 2024
Eng Foto aus engem Héichsécherheetsprisong aus dem November 2024.
© Guatemalan Ministry of Interior/AFP/Archiv

Bis ewell géif et bei de Prisongsprotester keng Doudeger oder Blesséierter ginn, esou den Inneminister Marco Antonio Villeda e Samschdeg. Hien huet ausgeschloss, fir d’Fräiloossung vun de Geisele mat de Prisonéier ze verhandelen.

Am Guatemala si virun allem déi verfeint Bande Barrio 18 a Mara Salvatrucha (MS-13) aktiv, déi allebéid vun de lokalen a vun den US-Agencen als terroristesch Vereenegungen agestuuft goufen. Am leschte Joer goufe Banden-Leaderen an den Héichsécherheetsprisong Renovación I bruecht, ronn 75 Kilometer südlech vun der Haaptstad Guatemala-Stad. D’Isolatioun vun de Banden-Cheffen huet ëmmer nees Prisongsopstänn ausgeléist.

De Chef vun der guatemalteekescher Prisongsadministratioun, de Jorge Guillermo López, huet elo erkläert, am Prisong Renovación I wieren néng Giischtercher als Geisel geholl ginn. Am Prisong Preventivo net wäit vun der Haaptstad wieren et der nach emol aacht, an ee Psycholog.

A Prisongsopstänn am leschte Joer war ee Wäerter duerch Schëss ëm d’Liewe komm. Am Oktober huet ausserdeem de Prisongsausbroch vun 20 Leadere vun der Band Barrio 18 fir Schlagzeile gesuergt. Bis ewell konnte just sechs vun hinnen nees gefaasst ginn. Ee weidere Banden-Chef gouf op der Flucht erschoss.

Back to Top
CIM LOGO