
Fuerscher hunn an der Lombardei, am Norde vun Italien, 540 Hënn an 277 Kazen ënnersicht. Dës Déieren hunn a Stéit mat Corona-Patiente gewunnt oder a Gebitter, an deenen de Covid-19 staark verbreet war. 3,4 Prozent vun de concernéierten Hënn an 3,9 Prozent vun de Kazen haten Antikierper géint de Virus gebilt.
Dass e Véierbeener säi Besëtzer mam Sars-CoV-2-Virus ustécht, geschitt an der Reegel awer net. Dem President vum Friedrich-Laeffler-Institut no, dem Thomas Mettenleiter, spillen Hënn a Kazen dowéinst bis ewell keng wichteg Roll bei der Verbreedung vum Coronavirus. Méi wichteg wier d’Iwwerdroung vu Mënsch zu Mënsch.
