D’AD kréien 28 Prozent vun de Stëmmen. D’Sozialiste leien hannendru mat 24 Prozent. d’Rietspopuliste vun Cheda kommen op der drëtter Plaz mat 16 Prozent. Si hunn hiert Resultat déi Kéier verduebelt.
Déi Demokratesch Allianz, wat eng Plattform ass vun der Sozialdemokratescher Partei mat 2 méi klenge konservative Parteien ass, kënnt virum PS.
D’Rietspopuliste vun Cheda kéinten eng wichteg Roll spillen fir d’Formatioun vun enger neier Mëtt-Riets-Regierung.
Fir e gerecht Liewen. Déi lescht Méint hu sech d’Manifestanten, an de Stroosse vu Lissabon d’Klensch an de Grapp ginn. D’Onzefriddenheet ass grouss. U sech erstaunlech, an engem Land, an deem d’Wirtschaft boomt. Ré-Industrialiséierung ass d’Stéchwuert. D’lescht Joer huet och den Tourismus mat 77 Milliounen Iwwernuechtunge Rekord-Zuele geschriwwen. Ma grad dat frustréiert vill Portugisen. Déi an hirem Portmonnie näischt vum Opschwong ze spiere kréien. De Mindestloun läit bei ëm déi 900 Euro. Do kënne sech der vill, souguer mat zwou Aarbechten, keng Wunneng leeschten. An dann ass do och nach d’Korruptioun. Et si grad där Virwërf, och wa Leit aus dem Ëmfeld betraff sinn, iwwer déi de Sozialist Antonio Costa gefall ass.
''Les temps judiciaires politiques et médiatiques ne sont pas synchrones, c ‘est -à -dire que cette discordance des temps conduit finalement à une situation assez particulière qui attise les braises et qui place Schéker dans une situation assez favorable, puisqu ‘il est passé de 7 ,5 % en 2022 à au moins doublé son score lors de ce scrutin.” sou d’Analyse vum Yves Léonard, Historiker op Sciences-Po a spezialiséiert iwwer Portugal.
Grad déi jonk Generatiounen dréien de Sozialisten de Réck. Chega, op Lëtzebuergesch iwwersat ''Genuch” huet de Wand am Réck. Et sinn d’Riets-Populiste vum André Ventura, déi wéi grad ugeschwat, den Owend déi grouss Gewënner kéinte ginn.
''Et ass wichteg, wielen ze goen. Dat bréngt mat sech, datt all d’portugisesch Bierger sech mat der Politik beschäftegen. Et bréngt Leit a Politiker, déi Momentan just u sech sech selwer denken zesummen. Ech stëmmen Haut e Politiker, deen un d’Leit denkt! '' sou eng Fra an de Stroosse vu Lissabon.
Déi traditionell Parteie vun de Sozialiste bis d’Mëtt-Riets hunn et am Walkampf verpasst, déi Jonk ënner 35 unzeschwätzen.
D’Madalena Cordeir, Studentin a Kandidatin op der Chega Lëscht erkläert: '' Et gëtt kee Geheimnis, fir den Erfolleg vun Chega. Dat ass just eppes, wat déi Jonk scho laang gebraucht hunn. Eng Partei déi d’Suerge vun de Jonke kennt, an hinnen eng Stëmm gëtt. Et gi vill jonk Leit, déi bei Chega kommen. Der vill vun hinne sinn net emol al genuch, fir ze wielen. Mee si gehéieren zur portugisescher Gesellschaft, grad wéi all déi aner. An hunn dofir d’Recht vertrueden ze sinn. ''
3 Méint virun der Europawal kéint deemno e weidert europäescht Land politesch vu Lénks op Riets wiesselen. Well de Luis Montenegro vu Mëtt-Riets eng Regierung mat de Riets-Populiste vun der Chega ausschléisst, kéint Portugal souguer an eng politesch Kris rutschen.