Wéi et vun den arméierten Zaldoten e Sonndeg heescht, wier den Talon “vu sengem Amt als President vun der Republik enthuewe ginn”. Vum President selwer ass bis ewell keng Reaktioun komm, d’Noriichtenagence AFP mellt allerdéngs, et wier een aus Regierungskreesser gewuer ginn, datt de Patrice Talon a seng Famill “a Sécherheet wieren”. Him géigeniwwer loyal Deeler vun der Arméi géifen den Ament “d’Kontroll zeréckgewannen”.
De Grupp, dee sech op der Tëlee zu Wuert gemellt huet, nennt sech “Militärkommitee fir d’Neigrënnung (CMR)”. Et wier een “e Sonndeg zesummegetrueden” an hätt “Follgendes decidéiert: Här Patrice Talon gëtt sengem Amt als President vun der Republik enthuewen”. Um Kuerznoriichtendéngscht X schreift déi franséisch Ambassade zu Benin, et hätt een net wäit vum Amtssëtz vum Staatschef Schëss héieren.
Aus Presidentekreesser heescht et AFP no, bei de Putschiste géif et sech “ëm e klenge Grupp vu Mënschen” handelen, “déi nëmmen Accès zur Tëlee hunn (...) D’Stad (Porto-Novo) an d’Land si vollkomme sécher. Och de President a seng Famill si sécher”.