Sonndesinterview mat der LoftrettungUbléck vu Schwéierblesséierte vu Crans-Montana "huet ee scho matgeholl"

Sarah Cames
Et ass u sech en Dag fir ze feieren, ma dëst Joer ass d'Welt op Neijoerschdag mat grujelegen Noriichten aus der Schwäiz waakreg ginn. Wéi de Marc Manicke an den Dimitris Kokiopoulos vun der Air Rescue d'Nouvelle matkruten, hu si sech scho geduecht, datt si an den Asaz kéinte kommen.
De Marc Manicke an den Dimitris Kokiopoulos hu Blesséierter a Spezialklinicke bruecht.
De Marc Manicke an den Dimitris Kokiopoulos hu Blesséierter a Spezialklinicke bruecht.
© Sarah Cames

An der Silvesternuecht war am Schwäizer Schi-Duerf Crans-Montana an der Disko “Le Constellation” ee Feier ausgebrach - mat déidleche Suitten. Op d’mannst 40 Mënsche sinn ëmkomm, dorënner vill Jonker a souguer Mineuren. Dat jéngsten Affer war just 14 Joer al. Iwwer 100 Leit goufen deels ganz schro blesséiert an hu missen d’urgence traitéiert ginn. Eng Katastroph vun deem Ausmooss iwwerfuerdert séier déi lokal Spideeler, virun allem, well déi Blesséiert an dësem Fall wéinst hire Verbrennungen dréngend Spezial-Better gebraucht hunn.

Wéinst der Envergure vum Ongléck huet d’Schwäiz an de Stonnen nom déidleche Feier den europäesche Katastropheschutzmechanismus aktivéiert, duerch deen d’Hëllefsefforten international koordinéiert konnte ginn. Iwwert de Programm Emergency.lu huet de Lëtzebuerger Ausseministère sengersäits d’Luxembourg Air Rescue (LAR) domat beoptraagt, Blesséierter a spezialiséiert Klinicken ze transportéieren.

Air Rescue huet zwee schwéier blesséiert Patienten transportéiert

Souguer fir Professioneller mat jorelaanger Erfarung war dësen Asaz keen alldeeglechen, erzielen eis den Anästhesist Marc Manicke an den Infirmier anesthésiste Dimitris Kokiopoulos, déi déi zwee medezinesch Volle vu Lëtzebuerg aus begleet hunn. Den 2. Januar gouf ee Patient vu Payerne an der Schwäiz op Leipzig bruecht, ier den Dag drop ee weidere Patient vun Zürich op Berlin geflu gouf. Aus medezinescher Siicht waren d’Flich net onbedéngt aussergewéinlech a se si reiwungslos ofgelaf. Ma als Papp vun zwee Jongen am Alter vun 13 a 16 Joer, also ongeféier dem nämmlechten Alter wéi vill vun de Blesséierten, ass et dem Dokter Marc Manicke schonn e bësse méi no gaangen, wéi aner Asätz.

Béid jonk Patiente waren am kënschtleche Koma, erkläert den Anästhesist. “Den éischte Patient , dee mir haten, war zu 70 Prozent verbrannt. Dat ass een, dee laang do bleift, dee läit zwee, dräi Méint op der Verbennungsintensivstatioun. Do war et kloer, datt dat och net ouni Narkos geet, datt deen da beotemt ass. Hie war och zousätzlech ganz Kreeslaf-instabil. Et war schonn eng Erausfuerderung, hien ze transportéieren.”

Villes war bis kuerz virum Fluch nach net kloer, ënnert anerem well de gesondheetlechen Zoustand vun de Patienten - zwee Schwäizer - eeben nach relativ volatil war. Ma wou si d’Nouvelle vum Feier héieren hunn, hate si schonn e Gefill, datt si villäicht am Transport vun de Patienten involvéiert kéinte ginn.“D’Warscheinlechkeet war scho ginn, datt mir involvéiert géife ginn, well mir och wëssen: déi ganz Schwäiz huet just 10 oder 12 Verbrennungsbetten, an et war jo scho vun 100 Schwéierblesséierte rieds”, esou den Anästhesist Marc Manicke. Nach ier kloer war, datt och Flich vu Lëtzebuerg aus géife starten, huet den Infirmier anesthésiste Dimitris Kokiopoulos sech dowéinst schonn am Standby prett gehalen: “Wéini et elo genau ass, weess een elo net direkt, mee dat ass eeben an eisem Job esou, dass mir all Moment kënne fortfléien a bereet sinn.”

Sonndesinterview mam Anästhesist Marc Manicke an Infirmier Dimitris Kokiopoulos
Déi zwee Medezinner hu Brand-Patienten vu Crans-Montana a Spezialklinicke bruecht.

Et huet ee scho matgeholl

Ma och Medezinner si just Mënschen, an et si Biller, déi der Ekipp nach méi laang an Erënnerung bleiwe wäerten. “Et war schonn erschreckend, wéi d’Patienten ausgesinn hunn. Doduerch, datt si esou “gewässert” goufen, fir datt d’Nieren eebe weider funktionéieren. Ee Patient war 20 Liter am Plus, hie war richteg opgedonst. Dat ass schonn e Bild, dat huet een net alldeeglech. Dat ass schonn hänke bliwwen”, sot eis den Anästhesist vun der Loftrettung am Gespréich, deen am Laf vu senger Karriär scho bei ronn 700 Flich derbäi war. D’Gedanke wieren natierlech och bei de Famille vun de Schwéierblesséierte gewiescht, ergänzt den Infirmier Dimitris Kokiopoulos. Si wieren dowéinst och iwwer all Etapp informéiert ginn. “Dat ass eppes, wat immens wichteg ass, och fir si. Datt si wëssen, datt mir do sinn an datt mer eis Aarbecht genau sou professionell weidermaachen, wéi schonn déi Leit an der éischter Phas.”

No Asätz wéi dësen, wier et wichteg, sech an der ganzer Ekipp - Medezinner a Piloten - géigesäiteg ze ënnerstëtzen an iwwer dat Erlieften ze schwätzen, esou den Infirmier Dimitris Kokiopoulos. “Dat hu mir am Hotel dann och nach gemaach am Owend”, erkläert den Dokter Marc Manicke. “Mir hunn eis zesummegesat an driwwer geschwat, well d’Pilote gesinn esou eppes jo och net ganz dacks. Et huet ee scho matgeholl.”

Wéi et de Patienten elo geet, weess d’Crew nach net.“Dat ass nach ze fréi, dat muss sech nach aspillen a stabiliséieren”, seet den Anästhesist. Ma dacks géif d’Famill an esou Fäll emol Feedback ginn a sech beim Team mellen, fir Merci ze soen. D’Dankbarkeet vun de Patienten an de Familljemembere wier eppes, wat hinnen de Beruff ganz kloer verschéinert. Ma och d’Aarbecht am Team an d’Ofwiesslung, ni genee ze wëssen, wat den Dag esou bréngt, mécht den Job aus.

Fir den Anästhesist Marc Manicke geet mam Beruff op alle Fall ee Kandheetsdram an Erfëllung: “Bei mir huet et am Éischt-Hëllef-Cours vun der néngter Klass an der Schoul ugefaangen.” Änlech war et beim Infirmier Dimitris Kokiopoulos, deem seng Faszinatioun fir d’Aviatioun de Beruffswee zousätzlech gefestegt huet.

Souwuel dem Dokter wéi och dem Infirmier war et am Interview dann nach wichteg ervirzehiewen, wéi gutt d’Kooperatioun tëscht all de Beräicher an och de verschiddene Länner geklappt huet. “D’Prise en charge vun de Patiente war wierklech immens professionell. Do géif ech och all déi Leit erwänen, déi virdrun do waren, sur place - Rettungsdéngscht, paramedezinesch, medezinesch, d’Spideeler, all Mënsch wierklech. Do war eng topp Prise en charge vun de Patienten, déi mir esou weider iwwerholl hunn. An do wierklech och en Hutt of un all déi engagéiert Leit an och déi Leit, fir dee logistesche Volet vun esou Missiounen, déi jo net alldeeglech sinn. Do sinn immens grouss Ekippen, déi do hannendru stiechen, fir dat ze erméiglechen”, esou den Dimitris Kokiopoulos.

Och de Marc Manicke war beandrockt vum internationalen Zesummespill: “Et war schonn een erausragenden Asaz gewiescht, well en eeben och esou international war. Wärend mir do zu Bern gelant sinn, sinn dunn och nach ee Rega-Fliger an ee Rega-Helikopter komm, déi hunn och eng Iwwergab gemaach. Esou eppes erlieft een net all Dag. Am Ufluch waren och nach rumänesch Militärmaschinnen, déi Patienten ugeholl hunn. Dat ganzt Organisatorescht war beandrockend, wéi do alles Hand an Hand gelaf ass.”


Back to Top
CIM LOGO