Déi Zwee hunn den Ukrainer Dmytro Nazarenko getraff a mat him op 2 Joer Krich an der Ukrain zréckgekuckt. Den Dmytro Nazarenko ass Dolmetscher a kann dofir perfekt Däitsch. Zwee Joer Krich hu beim Mann hir Spueren hannerlooss. Bei enger Rei Froe muss hien a sech goen, éier en et fäerdegbréngt ze äntweren.
Déi éischt Woche vum Krich wiere ganz schwiereg gewiescht, dat géif een net esou einfach aus dem Kapp kréien.

“Iwwerraschung, Angscht, Onsécherheet a mir woussten net, wat maachen”, esou beschreift den Ukrainer déi éischt Zäit, wéi Russland versicht huet, d’ukrainesch Haaptstad anzehuelen. *

Haut kéint kee soen, wéi laang de Krich nach dauert, dat d’Aschätzung vum Dmytro Nazarenko. Soulaang Russland déi néideg Ressourcen, Mënschen a Waffen hätt, géif de Krich virugoen.
“Mir hunn net genuch Waffen. Mir hunn zum Beispill net d’Kapazitéiten, fir déi russesch Versuergungsrouten ze zerschloen, ewéi d’Krim-Bréck. Dat ass kritesch.”
D’Stëmmung an der Ukrain wier bedréckend, op der anerer Säit sicht ee Méiglechkeeten ze hëllefen. Esou sammelt ee fir d’Zaldoten. Dat kënnen och gréisser Zomme sinn, zum Beispill fir gepanzert Gefierer.
“A mengem Fall huet d’Fra vu mengem Brudder, déi ass am Krich, si ass an enger Dronen-Unitéit. Déi hunn e Pick-up gebraucht. D’Sammelaktioun huet virun enger Woch ugefaangen, déi hunn elo scho 60 Prozent erreecht.”
An enger oder zwou Woche wieren da genuch Suen do. D’Populatioun géif d’Arméi op dësem Wee ënnerstëtzen.
Iwwer den Noriichtendéngscht Telegram kéint ee suivéieren, mat wéi enge Waffen d’Haaptstad grad attackéiert gëtt. Deementspriechend géif ee sech da beim Loftalarm verhalen. An de Schoule géifen d’Kanner ëmmer an de Keller goen, den Dmytro Nazarenko mécht dat ofhängeg vun de Waffen (Dronen oder Rakéiten), déi d’Russe fir hir Attacken asetzen.
Den Owend ass ee Reportage vu Kiew am Journal an um 20 Auer geet et an der Emissioun Kloertext ëm d’Fro, ob d’Verhandele mat Russland eng Optioun ass.
* Mir hunn dem Dmytro Nazarenko seng Aussoen op Lëtzebuergesch iwwersat.