VenezuelaMolekül DR-10 soll de Coronavirus zu 100% futti maachen

RTL Lëtzebuerg
A Venezuela gouf anscheinend e Mëttel géint de Coronavirus entdeckt, dat héich wierksam wier.

E Molekül mam Numm DR-10 géif de Virus zu 100% futti maachen, ouni Niewewierkungen, sot op alle Fall de venezuelanesche Staatschef Nicolas Maduro e Sonndeg den Owend an enger Usprooch.

Eng Etüd iwwer 6 Méint vum staatleche Fuerschungs-Institut IVIC hätt dat beluet, an et hätt een och scho bei der Weltgesonhdeetsorganisatioun Demarchen an d’Weeër geleet, fir d’Mëttel zougelooss ze kréien, dat haut schonn ënnert anerem an der Lutte géint Hepatite-C an Ebola an den Asaz kënnt.

Back to Top
CIM LOGO