
De Bilan un Affer no der Brandkatastroph ass weider eropgaangen. Wéi déi chineesesch Autoritéite vun der “Spezialverwaltungszon” wieren antëscht 151 Doudeger gezielt ginn. Eng Vertriederin vun der Police huet e Méindeg betount, datt d’Afferzuel nach weider klamme kéint. Am Kontext mam schroe Brand goufen antëscht 13 Verdächteger wéinst dem Reproche vun der “Tentative de meurtre” festgeholl.
Nom Feier e Mëttwoch wieren direkt “ëmfaassend Ermëttlungen” ageleet ginn, betount de Chan Tung vun der Police vun Hongkong. Dës hätte bis ewell zu der Festnam vun zwielef Männer an enger Fra am Alter tëscht 40 a 77 Joer gefouert.
D’Ermëttlungen hätten erginn, datt en Deel vun de Schutznetzer, déi bei der Renovatioun vun den Héichhaiser genotzt goufen, net de Feierschutznormen entsprach hätten. “Prouwen, déi op siwe Plaze vun den ieweschten, mëttelsen an ënneschten Etagë vu véier Gebaier geholl goufen”, hätten “net den Teststandarde fir Feierfestegkeet” entsprach, sot de Regierungschef vun Hongkong, den Eric Chan.
De Groussbrand war e Mëttwoch am Héichhauskomplex Wang Fuk Court am Quartier Tai Po ausgebrach. D’Feier huet iwwer 40 Stonne laang a siwe vun den aacht Gebaier mat bal 2.000 Wunnenge gebrannt. E Freideg waren d’Läschaarbechten ofgeschloss.
Wéi d’Feier ausgebrach war, haten am Komplex grad Renovéierungsaarbechten ugefaangen, wouduerch e Gerüst aus Bambus ronderëm d’Gebai war. Den Ermëttlungsresultater vun e Freideg no gouf d’Feier duerch d’Bambusgerüst an aner brennbar Materialien ausgeléist, déi fir de Schutz géint Stëbs a Géigestänn, déi eroffale kënnen, benotzt goufen. D’Pompjeeën hunn iwwerdeem Aussoe vun Awunner confirméiert, datt de Feieralarm net funktionéiert hat.
Nieft de presuméierte Responsabele fir de Brand ginn d’Autoritéite vun Hongkong och géint Leit vir, déi hirer Usiicht no Falschinformatiounen iwwer d’Ongléck verbreeden. De Sécherheetschef Chris Tang huet e Méindeg viru Journaliste vun “falsche Kommentaren”, déi am Internet publizéiert gi wiere mam eenzegen Zil, “déi national Sécherheet ze menacéieren”. “Als Konsequenz musse mir adequat Mesuren ergräifen, dorënner polizeilech Mesuren.”
Liest nach: