
Der Weltgesondheetsorganisatioun no géing et keen Ulass ginn, sech den Ament gréisser Suergen ze maachen. Et wier allerdéngs nach ze fréi, fir vireileg Schlëss ze zéien iwwert d’Symptomer oder d’Follege vun dëser neier Mutatioun, sot d’WHO-Chef-Wëssenschaftlerin Soumya Swaminathan. Et wier een awer amgaangen, d’Situatioun an Dänemark ze bewäerten.
Bis ewell wiere weltwäit iwwer 170.000 Gen-Sequenze vum Virus bekannt. D’Beleeg, déi virleien, géingen awer net dorop hiweisen, dass dës Virus-Variant sech an iergendenger Form soll anescht verhalen, sou de WHO-Nouthëllefkoordinator Mike Ryan. Hien huet iwwerdeems betount, dass et wichteg wier virzesuerge bei de Sécherheetsmoossnamen an den Déierebetriber.
Dänemark ass weltwäit dee gréissten Exporteur vun Näerzpelzer. E Mëttwoch gouf vun der dänescher Regierung ordonéiert, all d’Näerzen am Land, wat ronn 15-17 Milliounen Déiere sinn, ze schluechten. Zanter Juni solle sech an Dänemark op d’mannst 214 Mënsche mat dëser Variant vum Coronavirus infizéiert hunn, mellen d’Gesondheetsautoritéiten.
RTL-News: Riskant Coronavirus-Mutatioun: Dänemark wëll Milliounen Näerze schluechten