
Dëst hunn d’Aktivisten e Freideg zu Berlin matgedeelt. Et géif ee sech natierlech un d’Hygiènesreegelen halen. Geplangt wiere Maniffen, Mënscheketten oder Konschtaktiounen. Fridays for Future kritiséieren iwwerdeems d’Konjunkturprogrammer vun der EU fir d’Wirtschaft, well an d’Äerdueleg-, Äerdgas- a Kuelenindustrie investéiert gëtt.
Déi jonk Klimaaktivisten ëm d’Greta Thunberg haten dee leschte Klimastreik am November, wou zum Beispill an Däitschland iwwer 600.000 Leit matgemaach hunn. Wéinst der Corona-Kris goufen et an der lescht just virtuell Protestaktiounen, fir méi klimafrëndlech Mesurë vun der Politik ze fuerderen.
Unhänger vun der Beweegung goufen zum Beispill invitéiert, Protestplakater online op d’sozial Medien ze posten. An Däitschland gouf zum Optakt vun där Aktioun een Evenement ouni Mënschen organiséiert, wou d’Aktivisten dausende gemoolte Plakater virum Reichstag zu Berlin niddergeluecht hunn. Domadder goufen ökologesch Krisenhëllefen an der Pandemie gefrot.
