FrankräichNationalfeierdag gëtt u Corona-Mesuren ugepasst

RTL Lëtzebuerg
Déi traditionell Militärparade um 14. Juli gouf fir dëst Joer annuléiert. De franséischen Nationalfeierdag soll dëst Joer an engem méi klenge Kader sinn.

D’Militärparade kéint an hirer traditioneller Form net organiséiert ginn, well een déi néideg Distanzen net anhale kéint, heescht et um Donneschdeg aus dem Büro vum franséische President Emmanuel Macron. Dem Stuerm op d’Paräisser Bastille vum 14. Juli 1789 soll elo mat ronn 2.000 Leit vun der Arméi an 2.500 Gäscht erënnert ginn.

Donieft soll an enger Zeremonie dem Personal aus dem Gesondheetssecteur Merci fir hiren Asaz wärend der Coronavirus Pandemie gesot ginn.

D’Evenement wäert héchstwarscheinlech net fir de Public op sinn. Dës Decisioun kéint awer nach emol reevaluéiert ginn, deemno wéi sech d’Situatioun bis dohin a Frankräich entwéckel huet.

Bis ewell sinn a Frankräich iwwer 29.000 Leit um Corona Virus gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO