
D’Nationalgard däerf fir den Ament an der US-Haaptstad Washington D.C. bleiwen. Dat huet en Appellsgeriicht en Donneschden decidéiert an domat den Uerder vun engem ënneschte Geriicht ausser Kraaft gesat, dee virgesinn hat, datt d’Nationalgard den 11. Dezember hätt missen d’Stad verloossen. D’Trump-Regierung hat jo géint deen Uerder geklot. Eng definitiv Decisioun wier dëst awer nach net, huet d’Appellsgeriicht betount.
Den US-President Donald Trump hat am August d’Nationalgard op Washington D.C. geschéckt, dat mat der Begrënnung, de Kriminalitéitstaux wier an der Haaptstad méi héich wéi an anere “Verbriecher-Héichbuergen” am Land. Offizielle Policestatistiken no waren d’Zuele virum Asaz allerdéngs éischter réckleefeg. Kritiker geheien dem Trump vir, mat der Nationalgard Bierger an Demonstranten aschüchteren ze wëllen. Den US-Defenseminister Pete Hegseth hat lescht Woch ugekënnegt, nom déidlechen Ugrëff op zwee Nationalgardisten, hir Presence zu Washington nach emol z’erhéijen.
Nieft Washington D.C. war d’Nationalgard och an eng ganz Rei aner Stied geschéckt ginn, déi vun den Demokrate regéiert ginn. Och hei gouf als Grond eng Eskalatioun vun der Gewaltkriminalitéit genannt, wéi och d’Protester géint dem Trump seng rabiat Awanderungs- an Expulsiounspolitik.