
Nach bis en Donneschdeg ass zu Chicago den Nationalkongress vun der Demokratescher Partei, wou ënnert anerem d’Presidentschaftskandidatin an de Vizepresidentschaftskandidat wäerten offiziell presentéiert ginn. Mee och ausserhalb vum Kongress kéint emol eppes méi lass sinn.
Méi wéi 50.000 Leit, dorënner och ronn 4.000 Parteidelegéiert, sinn nach bis en Donneschdeg zu Chicago fir den Demokraten hiren Nationalkongress. Thema vum Kongress ass “For the people, for our future”, also “Fir d’Leit, fir eis Zukunft” an d’Organisateuren hoffen, dass de Kongress den neien Enthusiasmus am Demokratesche Presidentschaftswalkampf nach wäert verstäerken.
Déi Demokratesch Campagne huet jo en neien Elan kritt, wéi den Joe Biden als Kandidat zréckgetrueden an duerch d’Kamala Harris ersat ginn ass. Um Kongress selwer mussen d’Kamala Harris an hire Kandidat fir d’Vizepresidence, de Gouverneur vum Minnesota Tim Walz, vun den Delegéierten nach offiziell confirméiert ginn.
D’Demokraten hoffen och, dass de Kongress dozou bäidroe wäert, déi intern Spléckungen, déi ronderëm den Joe Biden entstane waren, nees z’iwwerbrécken. Dat kéint awer mol net esou einfach sinn, well déi Spléckunge ginn zimmlech déif. Grouss Divergenze gëtt et zum Beispill wat d’Politik vis-à-vis vun Israel an dem Gazakrich ubelaangt.
Mee och wann d’Demokraten et sollte fäerdegbréngen, no baussen hin en Tableau vun Unitéit a vu “Friede, Freude, Eierkuchen” ze presentéieren, sou kéint dat Bild awer vun Evenementer ausserhalb vum Kongresszentrum zerkraazt ginn. Zéngdausende vun Aktivisten, dorënner vill pro-palästinensesch Demonstranten, ginn nämlech an de Stroosse vun Chicago erwaart, an d’Organisateure vum Kongress bieden inständeg, dass all Protestaktioune friddlech bleiwen.

Näischt kéint den Demokraten hirem Image an hirer Walcampagne nämlech méi schueden, wéi eng Repetitioun vun 1968. Deemools war hire Kongress och zu Chicago, den amtéierende President Lyndon B. Johnson ass net méi ugetrueden, d’Land war déif gespléckt iwwert de Vietnamkrich an an de Stroosse vu Chicago sinn et gewaltsam Kämpf tëscht Demonstranten an der Police ginn. Enger Police, déi och géint friddlech Demonstranten extrem brutal virgaangen ass. D’Demokraten hunn den amtéierende Vizepresident Hubert Humphrey aus dem Minnesota zu hirem Presidentschaftskandidat gewielt, an deen huet d’Walen am November dat Joer däitlech géint de Republikaner Richard Nixon verluer.