
D’NATO wëll d’Defense vun hirer Ostflank dem däitschen NATO-Generol Thomas Lowin no an Zukunft ënner anerem mat enger “automatiséierter Zon”, déi gréisstendeels ouni Mënsche funktionéiert , virun enger méiglecher russescher Invasioun schützen. Et geet dobäi dorëm, un der Grenz zu Russland a Belarus “zu der Verdeedegung net just op konventionell Truppen ze setzen”, mä och duerch Obstakelen a an den Asaz vun Technik eng robotiséiert oder automatiséiert Zon am grenznoe Beräich zum Géigner ze schafen, déi dësen dann emol iwwerwanne misst”, esou de Lowin géintiwwer der “Welt am Sonntag”.
Systemer wéi “arméiert Dronen, deelautonom Krichsgefierer, onbemannt robotiséiert Buedemsystemer”, sollen am Zesummespill mat Sensoren an automateschen Ausléiser dobäi hëllefen, russesch Truppen an der éischter Phas vun der Attack opzehalen, an am selwechten Ament déi eegen Zaldoten ze schounen, esou de Generol vun der Bundeswehr. Et geet bei dësem System “net ëm d’Entmënschlechung vum Krich”, well um Enn decidéiert weiderhin “de Mënsch op eng verantwortlech Aart, wann a wéi déi Waffen agesat ginn”.
Et war eng éischte Kéier, datt en NATO-Generol ëffentlech iwwer dat neit Verdeedegungskonzept Eastern Flank Deterrence Line, kuerz EDFL, geschwat huet. D’Konzept soll Informatioune vun der Welt am Sonntag no méiglechst schonn Enn 2027 ëmgesat ginn.
Zu der EFL gehéieren dem Lowin no nieft dem Grenzschutz duerch automatiséiert Systemer ënner anerem och d’Lagere vun däitlech méi Waffen. “Mir wäerte spierbar méi grouss Reserven wéi bis ewell an den NATO-Grenzstaaten zu Russland gesinn”, esou de Generol weider. Dozou gehéieren, zum Beispill “Waffen- a Munitiounslager, fir d’Verdeedegungsystemer an der automatiséierter Zon nees z’arméieren”, esou de Vizechef vum Stab fir Operatiounsféierung am NATO-Landkommando zu Izmir.
Ënnert dem Androck vu massivem Andrénge vu russeschen Dronen an de Loftraum vu Polen am leschte September a weider Drone-Virfäll haten déi europäesch NATO-Staaten an de leschte Méint schonn e Plang fir eng “Dronemauer” fir d’Ostflank ze verdeedegen virubruecht. Dëse gëllt als eent vun de wichtege Projete vun der EU am Beräich vun der Defense.
Beim Opbau vun der Dronenofwier wëll d’EU eegenen Aussoen no och op d’Erfarung vun der Ukrain setzen, déi sech zanter méi wéi dräi Joer géint déi russesch Dronenattacke verdeedegt an eng käschtegënschteg Strategie entwéckelt huet.