
D’Aktiounsfeld vum Finanzéierungsinstrument vun der Europäescher Unioun gouf méi breet opgestallt, mat elo aacht Prioritéiten. Vu Klimaschutz, Digitaliséierung, Innovatioun, Kohesioun, Landwirtschaft, sozial Infrastrukturen an Impaktinvestitiounen ausserhalb der EU, an elo och verstäerkt Sécherheets- a Verdeedegungsprojeten.
Nei derbäi kommen effektiv Finanzéierungsméiglechkeeten, déi och Lëtzebuerg interesséieren, sou de Finanzminister Gilles Roth nom Conseil:
“Zum Beispill an abordabele Wunnengsbau. Zum Beispill och um Niveau vun der Agrikultur, wou kënnen Assurancen opgeluecht ginn, déi kënne kofinanzéiert gi vun enger BEI. Mee natierlech och eng politesch méi sensibel Diskussioun. Dat ass déi, wéi wäit kann d’BEI sech zukünfteg och op militäresch Ausgaben a Projekter baséieren? Fréier huet dat ëmmer misste 50 Prozent zivillen Notze sinn a 50 Prozent militären Notzen. Hautdesdaags spillt déi Limitt vun de 50 Prozent net méi. Sou dass da kann investéiert ginn, zum Beispill an e Militärspidol oder zum Beispill a Weeër, wéi kann ech Infrastrukturen, wéi eng Autobunn, e Flughafen, wéi kann ech dat och militäresch notzen an dass d’ BEI kann dat kofinanzéieren. Dat ass schonn e Meileschrëtt. D’selwecht och wéi d’Investéieren a verschidden transitoresch Energiemoossnamen. Ech mengen dat geet an déi richteg Richtung.”
D’BEI kann awer zum Beispill keng Waffeproduktioun finanzéieren. “Dat ass ausgeschloss”, sou de Finanzminister Gilles Roth. “Si kann awer zum Beispill an en Droneprojet investéieren, si kann an e Satellitteprojet investéieren, si kann, wéi gesot, an e Militärspidol investéieren. Et muss ëmmer nach en zivillen Notze virgewise sinn, quitt dass dee militäreschen Notzen hannendrun zousätzlech och kann dermat kofinanzéiert ginn”, sou de Finanzminister wieder.