Covid-19Nei Etüd: Jugendlecher si méi infektiéis wéi Erwuessener

RTL Lëtzebuerg
Südkoreanesch Fuerscher stelle fest, datt Kanner ënner 10 Joer manner ustiechend si wéi Erwuessener, Jugendlecher awer méi.

Elo ass emol Summervakanz, ma wéi d’Schoulrentrée am September konkret wäert ausgesinn, ass nach net ganz kloer. Den Educatiounsminister wëll esou vill Normalitéit wéi méiglech, nodeems schonn déi lescht 2 Woche virum Summer nees alleguer d’Schüler zesummen, wann och nach ëmmer mat sanitäre Moossnamen, an d’Course gaange sinn. Ma eng nei Etüd kéint Froen opwerfen, wéi vill Normalitéit grad an de Lycéeën ubruecht ass.

Ënnersicht goufen tëschent Januar a Mäerz 2020 bal 60.000 Kontakter vu 5.706 Persounen, déi mam Coronavirus infizéiert a krank waren, woubäi den Ënnerscheed gemaach gouf tëschent Kontakter mat Leit, déi bei den Infizéierte gewunnt hunn, a Kontakter baussent dem eegene Stot.

D’Fuerscher stelle fest, datt 11,8% vun de Kontakter am Stot sech och mam Coronavirus infizéiert hunn an 1,9% vun de Kontakter baussent dem Stot. Si zéien dorausser d’Conclusioun, datt sanitär Mesuren an de Social distancing den Infektiounsrisiko reduzéieren.

Vun de 5.706 Corona-Patiente waren 29 Kanner an 124 Jugendlecher, vun deene 700 Kontakter retracéiert goufen. D’Fuerscher hu festgestallt, datt d’Kanner vun 0-9 Joer souguer Doheem nëmme 5% vun hire Kontakter ugestach hunn. Bei de Jugendleche vun 10-19 Joer louch deen Taux awer méi héich wéi den Duerchschnëtt, nämlech bei knapp 19%, si hunn also méi Leit ugestach wéi déi Erwuessen.

Den Direkter vum Harvard Global Health Institute, den Ashish Jha, sot der “New York Times” géigeniwwer, et wier “eng vun de beschten Etüden, déi mer bis elo zu deem Thema haten”. Och de Klaus-Michael Debatin, Direkter vun der Klinik fir Kanner- a Jugendmedezin vun der Universitéit zu Ulm, fënnt d’Etüd wichteg, fir d’Roll vu Kanner a Jugendlechen an der Pandemie ze verstoen. Eng definitiv Äntwert géif se awer net ginn, sot hien der “Süddeutschen Zeitung”.

Den Debatin selwer huet un enger Etüd matgeschafft, bei där d’Infektiounen tëscht Elteren a Kanner ënnersicht goufen. 2.500 Eltere mat Kanner haten do matgemaach an et gouf festgestallt, datt Kanner ënner 11 sech méi seele mam Virus ustiechen an en och manner dacks weiderginn.

De Fuerscher gëtt an der SZ ze bedenken, datt, och wann déi südkoreanesch Etüd grouss war, d’Zuel vu Kanner a Jugendlecher, déi dobäi erfaasst goufen, awer kleng war. Verschidde Resultater géife sech och mat aneren Donnéeë widderspriechen, zum Beispill mat enger Analys aus Holland, déi erginn hat, datt Jugendlecher, grad wéi Kanner, eng kleng Roll beim Verbreede vum Virus spillen.

Och d’Erfarungen aus verschiddene Länner sinn ënnerschiddlech: wärend een an Israel vill Infektiounen am Kontext vun der Reouverture vun de Schoulen am Mee festgestallt huet, gouf et an Dänemark keng Hausse vun den Infektiounen duerch d’Schoulen, déi nees opgoungen.

Hei zu Lëtzebuerg huet den Educatiounsminister Claude Meisch ëmmer nees betount, datt den Infektiounsrisiko an de Schoule verhältnisméisseg geréng wier. Den Traçage vun de Kontakter hätt gewisen, datt d’Schüler, déi de Coronavirus haten, sech net an der Schoul ugestach hätten.

Back to Top
CIM LOGO