Den Educatiounsminister Claude Meisch huet e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz ënner anerem den aktuelle Bilan gezu vun den Infektiounen an de Schoulen. D’lescht Woch hat de Minister an eiser Emissioun Background nach vu 27 Fäll uechter d’Schoule geschwat.
Mëttlerweil sinn am Ganze 60 Schüler a 7 Enseignante concernéiert.
Am Fondamental ginn et 30 Fäll vu Schüler a 4 vun Enseignanten, déi mam Coronavirus infizéiert sinn. 20 vun 157 Primärschoulen hätten also Fäll a 15 Klasse wären a Quarantän.
Am Secondaire sinn et 30 Schüler, déi infizéiert sinn, an och 3 Enseignanten. 13 vun am Ganze 37 Lycéeë si concernéiert an 12 Klasse sinn a Quarantän.
Deemno misst een awer och gesinn, dass 161 vun 194 Schoulen Covid-fräi sinn, sou nach den Educatiounsminister Claude Meisch. Just 60 vun am Ganzen 90.000 Schüler sinn infizéiert. Just 27 Klassen si vun enger Quarantän concernéiert, dat vun insgesamt 6.402 Klassen. An et misst ee wëssen, dass sech bis ewell kee vun de positiv-geteste Schüler an der Schoul ugestach hätt. Just an 2 Fäll géing een Doute bestoen.
Wann sech dat géing änneren, also wann ee bis géing gesinn, dass d’Schüler sech an der Schoul ustiechen, da misst een natierlech dorop reagéieren, sou den Educatiounsminister.
Wéi den Tageblatt e Freideg schreift, hätte verschidde Lycées-Direktiounen d’Enseignante gebieden, sech un Diskretioun ze halen a keng Informatiounen iwwert Infektiounsfäll erauszeginn. Aner Direktioune géifen d’Proffe carrement guer net informéieren.
An de Chifferen vun der Santé vun en Donneschdeg den Owend ass ze liesen, dass den Ament weiderhin 19% vun de 532 aktiven Infektiounen am Land, Kanner, Jonker a jonk Erwuessener tëscht 0 an 19 Joer sinn. Quasi also all Fënneften.
Iwwregens ass e Freideg de Mëtteg um 14 Auer den ëffentlechen Debat an der Chamber iwwert d’Petitioun 1550, déi en Zouloosse vun de Schoule bis d‘Rentrée am September gefuerdert hat.
D’Petitionärin hat sech jo schonns ënner 4 Ae mam Educatiounsminister gesinn, well d’Petitioun ganz séier déi néideg 4500 Ënnerschrëfte beienee krut an d’Regierung d’Reouverture vun de Schoulen awer schonn decidéiert hat.
