FrankräichNei Regierung soll am Laf vum Méindeg presentéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi nei Regierung soll aus engen 20 Ministeren an delegéierte Ministeren zesummegesat sinn.

Den neien Premierminister Jean Castex versprécht séier Changementer. Hie wéilt de Pensiounssystem kuerzfristeg op de Leescht huelen. D’Kris hätt den Defizit vum Pensiounsregim weider verschlechtert. Hie wéilt den Dialog mat de Sozialpartner nees sichen. Dat erkläert de frëschgebakenen Premier Castex um Sonndeg an engem Entretien mam Journal du dimanche. Wat d’Zesummesetzung vun der neier Regierung ugeet, huet en ugekënnegt, dass déi wuel e Méindeg de Moien annoncéiert wäert ginn. Si soll aus ronn 20 Ministeren an delegéierte Ministere bestoen. Déi aktuell Regierung huet 16 Ministeren, 3 delegéiert Ministeren a 17 Staatssekretären.

De Jean Castex wéilt och schonn déi aner Woch de sougenannten ''Ségur de la santé’’ ofschléissen. Dat ass eng multilateral Reunioun tëscht dem Gesondheetsministère an de Sozialpartner, vergläichbar mam Lëtzebuerger Modell vun der Tripartite. Déi franséisch Santé huet hiren Sëtz an der avenue de Ségur zu Paräis.

De franséischen President Macron hat dës Reunioun de 15. Mee an d’Liewen geruff. Bis elo konnt an de Sëtzungen nach ëmmer keen definitiven Accord mat de Gewerkschafte fonnt ginn. De ganze Gesondheetssystem soll transforméiert ginn. Um Dësch läit och eng Enveloppe vu 7 Milliarden Euro, fir d’Salairë vum Fleegepersonal.

Back to Top
CIM LOGO