
Caféen a Restaurante mussen hir Dieren erëm zoumaachen, an dierfe just nach Iesse fir matzehuelen offréieren. Allgemeng dierfe just nach maximal 10 Leit aus zwee Menagen zesumme kommen. Fräizäitaktivitéiten, wéi Fitness, Kino an Theater falen aus. Dat well een och an Däitschland weider mat enger Hausse vun de Covid-Patienten an de Spideeler rechent an evitéiere wëll, dass de Gesondheetssystem iwwerlaascht gëtt.
Eeg 10 Milliarden € huet d’Regierung emol fir Dedommagementer virgesinn.
Och an der Belsch gëlle vun dësem Méindeg un nees verschäerfte Mesuren. Nëmmen nach Butteker, déi als essentiell gëllen, dierfen iwwerhaapt weider schaffen. Ausserdeem däerf een Doheem just nach een eenzege Gaascht empfänken, dat well den Drock op belsch Spideeler aktuell enorm grouss wier. Kuckt een d’Zuel vun den Infektioune pro Awunner, huet d’Belsch dee weltwäit héchsten Infektiounstaux.
Dass een de Virus awer gréisstendeels ka lassginn, beweist China. Hei, wou am Dezember lescht Joer déi éischt Corona-Infektioune festgestallt goufen, schéngt een de Virus an Tëscht relativ gutt am Grëff ze hunn, ëmmerhi ginn et nëmmen nach vereenzelt kleng Ausbréch. An doriwwer freet sech natierlech och d’Wirtschaft. D’Stëmmung bei chineseschen Entreprisë wier esou gutt, wéi zanter bal 10 Joer net méi. Gläichzäiteg géifen déi vill Infektiounen an anere Länner dofir suergen, dass d’Demande allgemeng manner séier wiisst.