
82.969 Euro verdéngen d’Leit, déi zu Lëtzebuerg vollzäit schaffen, am Schnëtt pro Joer. An der ganzer EU ass kee Land, wou dës Bruttoverdéngscht méi héich ass an am Grand-Duché verdéngt ee méi wéi duebel esou vill wéi an der Moyenne vun der ganzer EU (39.808).
Den Ënnerscheed zu eisen Nopeschlänner louch 2024 och héich. An der Belsch, ëmmerhin d’Plaz 4, verdéngen d’Leit am Joer am Schnëtt 59.632 Euro wärend an Däitschland zwou Plazen dohannert den Joresduerchschnëttsloun bei 53.792 Euro läit. Frankräich ass dann nach eng Kéier wäit ofgeschloen a läit mat 43.790 Euro am Joer just eng Plaz iwwert der Moyenne vun der EU an nach esou just an der Topp 10 vun der Statistik. Nieft Lëtzebuerg an der Belsch leien nach Dänemark (71.565), Irland (61.051) an Éisträich (58.600) an der Topp 5.
Wann een eleng de Verdéngscht kuckt, ass et net verwonnerlech, datt all Dag Honnertdausende Leit iwwer d’Grenze kommen, fir am Grand-Duché hire Liewensënnerhalt ze verdéngen. Dobäi stellen d’Kolleege vum Volksfreund an hirem Verglach och fest, datt Lëtzebuerger zwar nach wäit vir läit, wat d’Léin ugeet, déi awer an de leschte Jore prozentual gesi manner staark geklomme sinn, wéi a vill aneren EU-Länner, dorënner och Däitschland. Rezent nämlech si se zu Lëtzebuerg ëm 3,4 Prozent eropgaangen, wärend um Kontinent den Duerchschnëtt bei 5 Prozent läit.
Eleng awer de Loun ze vergläiche verzerrt Bild vun der Situatioun. Well d’Käschte fir ze liewe mussen am Verglach och consideréiert ginn. An do sinn d’Präisser zu Lëtzebuerg eben och méi héich, wéi dat an Däitschland, Frankräich oder der Belsch ganz dacks de Fall ass. Donieft kann een och just mat der enger Zuel vum Joresduerchschnëttsloun net soen, wéi dës Sue verdeelt sinn. Well och am Grand-Duché ginn et ganz vill Leit, déi bäi wäitem keng 83.000 Euro am Joer verdéngen.
Eng Persoun nämlech, déi den netqualifizéierte Mindestloun verdéngt a keng Supplemente wéi Bonien oder 13. Mount kritt, kënnt grad emol op 30.851 Euro am Joer a läit domadder wäit vun Duerchschnëttsverdéngscht ewech. Dofir ass et hei wichteg, och de Medianloun an net just den Duerchschnëttsloun ze kucken. Dee louch dem Statec no fir 2024 zu Lëtzebuerg bei 58.126 Euro, also däitlech ënnert dem Duerchschnëttsloun am Land, ma bäi wäitem iwwert dem Medianloun an den aneren EU-Länner.
Beim Medianloun gëtt de mëttelste Wäert vun all de Léin, wann een dës vu grouss op kleng sortéiert, geholl. Doduerch beaflossen déi héchsten an déi niddregst Léin dëse Wäert manner, wéi et beim Duerchschnëttsloun de Fall ass. Dat heescht u sech vereinfacht gesot, datt d’Hallschent vun de Schaffende manner wéi déi 58.126 Euro verdéngt an déi aner Hallschent méi.
Iwwregens leien um Wupp vun der Tabell Ungarn mat 18.461, Griicheland mat 17.954 a Bulgarien mat 15.387 Euro am Joer.