
An a ronderëm Bréissel ass d’Zuel vun den Nei-Infektioune bannent de leschten Deeg ëm ronn 44 Prozent geklomme par rapport zu där Woch virdrun. Dat mellt den nationalen Institut fir ëffentlech Gesondheet an der Belsch.
Wärend d’Hausse vun den Nei-Infektiounen op déi ganz Belsch gekuckt, sech ëm déi 5 Prozent stabiliséiert huet, ginn et deels grouss Ënnerscheeder an den Zuele jee no Regioun. An de Provënzen Antwerpen, Limburg a Léck geet d’Courbe erof.
A Westflanderen an eben an der Regioun vun der Haaptstad dogéint sinn d’Infektiounen erëm zolidd an d’Luucht gaangen.