
Un enger Mauer zu Queen’s Mews am Quartier Bayswater weist zanter e Méindeg ee schwaarz-wäisst Bild zwee Kanner, déi mat Wantermutzen a Stiwwelen un um Réck leien an no uewen an den Himmel weisen. De Banksy selwer huet e Méindeg eng Foto vum Wierk an de Soziale Medie gedeelt.
An enger Foto vum Konschtwierk gesäit et esou aus, wéi wann d’Figuren op engem Wellblech-Daach op enger Garage géife leien. An der Foto um Banksy sengem Instagram-Account ass an enger Gaass nieft der Garage ee Poubellescontainer ze gesinn, aus deem den Dreck op den Trottoir fält. Iwwert dem Gebai steet e Kran, un deem senger Spëtzt eng rout Luucht ze gesinn ass - méiglecherweis eng Uspillung op ee Chrëschtbeemchen.
Gläichzäiteg gouf iwwert ee bal identescht zweet Konschtwierk spekuléiert, dat Passanten e Méindeg just e puer Kilometer fort vu Queen’s Mews entdeckt hunn. Op dem Bild ënnert dem Centre Point-Héichhaus an der Tottenham Court Road sinn déi zwee Kanner ze gesinn, wéi si dat bekannte Londoner Héichhaus eropkucken. Allerdéngs war bis zum Nomëtteg an de Soziale Medie just d’Wierk a Queen’s Mews online gedeelt ginn.
Den anonymme Kënschtler Banksy erreegt mat senge Street-Art-Wierker uechter d’Welt ëmmer nees Opmierksamkeet. Seng Wierker gi fir Millioune verkaaft. Iwwer d’Identitéit vum Kënschtler aus dem englesche Bristol gëtt zanter Jore spekuléiert.