
Bei enger Attack op e jiddescht Chanukka-Fest am australesche Sydney sinn op d’mannst 12 Leit ëm d’Liewe komm. Och een Ugräifer gouf der Police no ëmbruecht, deen zweete wier schwéier blesséiert ginn. Donieft wieren 29 Leit blesséiert ginn, dorënner och zwee Polizisten.
D’Attack war e Sonndeg de Moien op der beléifter Plage Bondi Beach geschitt. Op X huet d’Police vun New South Wales d’Bevëlkerung gewarnt, net do an d’Géigend ze kommen.
Wéi et weider vun der Police heescht, hätt een och e Sprengsaz an engem Auto fonnt, dee mam Täter, dee gestuerwen ass, a Verbindung konnt bruecht ginn. Op Biller vum Sender ABC war iwwerdeem op der Plage eng Waff ze gesinn, déi wéi eng Pumpgun ausgesinn huet. E britteschen Tourist huet der AFP géigeniwwer erzielt, datt hien zwee schwaarz gekleet Täter mat hallefautomatesche Gewierer op der Plage gesinn hätt.
Well eng jiddesch Chanukka-Feier d’Zil vun der Attack war, hunn d’Autoritéite se als eng antisemittesch “Terrorattack” klasséiert. “Dës Attack huet sech um éischten Dag vu Chanukka géint déi jiddesch Communautéit vu Sydney geriicht”, sot de Regierungschef vum Bundesstaat New South Wales, de Chris Minns, e Sonndeg viru Journalisten. Dëse Sonndeg fänkt d’Liichterfest un, dat aacht Deeg dauert. “Schëss bei engem Chanukka-Event”, huet déi jiddesch Organisatioiun Australian Jewish Association op X geschriwwen. “Mir hunn esou dacks do virdru gewarnt, datt esou komme géing.”
Och d’israeelesch Regierung huet d’Schéisserei verurteelt an der australescher Regierung virgeworf, et net fäerdeg bruecht ze hunn, den Haass géint Judden ze bekämpfen. Konkret huet de Premier Netanyahu Canberra virgeworf, an der Zäit virun der Dot den Antisemitismus ugestachelt ze hunn.
“Virun e puer Méint hunn ech dem australesche Premierminister geschriwwen, datt är Politik Ueleg an d’Feier vum Antisemitismus schëtt”, sot hien a Bezuch op e Bréif, deen hien am August un den Anthony Albanese geschéckt hat – no der Ukënnegung vu Canberra, de palästinensesche Staat wëllen un ze erkennen.
Den israeelesche President Herzog huet d’Schéisserei als “eng ganz grausam Attack op Judden, déi um Bondi Beach déi éischt Käerz vu Chanukka wollten umaachen” bezeechent. An enger Ried op engem Evenement zu Jerusalem huet den Herzog Australien opgefuerdert, “géint déi enorm Well vun Antisemitismus ze kämpfen, déi d’australesch Gesellschaft plot”.