Bei JohannisburgNéng Doudeger an zéng Blesséierter no Schëss aus Autoen

AFP, iwwersat vun RTL
A Südafrika, net weit vun Johannisburg, sinn e Sonndeg de Moie géint 1 Auer, néng Mënschen ëm d’Liewen komm an zéng goufe blesséiert bei Schëss déi aus Autoen ofgesat goufen.
© EMMANUEL CROSET/AFP

Der Police no hätten am ganzen 12 Persounen aus zwee verschiddenen Autoen eraus op d’Gäscht vun enger Bar geschoss. D’Affer goufen direkt an Spideeler an der Ëmgéigend bruecht.

No den Täter gëtt mat Héichdrock gesicht. D’Motiv fir d’Dot ass net bekannt. D’Bar hätt och eng gülteg Lizenz. Dëst ass just déi lescht Attack an enger Serie vun déidleche Schéissereien a Südafrika. Donnéeën vun der Police no, wieren am Schnëtt 63 Leit all Dag ëmbruecht ginn, tëscht Abrëll a September.

Back to Top
CIM LOGO