Israeelesch-palästinensesch FrëndschaftNet de Wee vum Haass an der Revanche goen

Petz Bartz
De Rami Elhanan an den Bassam Aramin si Frënn. Den Israeeli an de Palästinenser hunn awer an hirem Liewe Schlëmmes erlieft.
Am Film The Narrow Bridge geet et ëm eng israeelesch-palästinensesch Frëndschaft
Am Kader vum Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté gouf e Samschdeg den Documentaire “The Narrow Bridge” (Eng schmuel Bréck) gewisen.

Am Kader vum Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté an op Initativ vum “Jewish Call for Peace Lëtzebuerg asbl“gouf e Samschdeg den Documentaire “The Narrow Bridge” (Eng schmuel Bréck) gewisen. Et geet dodran ëm de Konflikt tëscht Israel an de Palästinenser an ëm e puer Leit, déi net de Wee gounge vum Haass a vun der Revanche, mä déi dee siche vun der Mënschlechkeet an dem Zesummeliewen. De Petz Bartz hat d’Geleeënheet mat zwee Personnagen aus dem Film ze schwätzen.

De Rami Elhanan ass Israeli. Am September 1997 gouf seng Duechter Smadar am Alter vu 14 Joer vun der Hamas ëmbruecht. De Bassam Aramin ass Palestinenser. Hie souz 7 Joer an Israel am Prisong an 2007 gouf seng Duechter am Alter vun 10 Joer vun engem israeelesche Grenzpolizist erschoss.

Déi Zwee hu sech iwwert eng ONG kennegeléiert, et ass e Vertrauen entstanen a si si Frënn ginn, well se u sech déi selwecht Wäerter deelen. Dorëms geet et am Film “The Narrow Bridge”, deen d’Geschicht vun hirer Vergaangenheet verzielt. Israeeli a Palestinenser hu allebéid e Recht op e Liewen a Fridden, Sécherheet an Dignitéit.

Mir hunn deen héchste Präis bezuelt, well déi zwou geckeg Natioune kënne ee Konflikt net bäileeën, dee ka bäigeluecht ginn. Mir mengen, et gëtt just ee Schlësselwuert, an dat ass Respekt. Du muss dee nieft dir esou respektéiere, wéi s du wëlls respektéiert ginn, seet den Israeeli Rami Elhanan.

Dozou ergänzt de Palästinenser Bassam Arami: Mir hunn onse gemeinsame Feind entdeckt an dat ass déi israeelesch Besatzung. Soulaang déi Besatzung weider geet steet se deem am Wee, dass mir normal niewentenee kënne liewen. Mir wäerte weiderfueren, ons ëmzebréngen an op béide Säiten d’Blutt vun onse Kanner z’afferen.

Mir mussen zwee Schlësselelementer aus onsem Liewe lass ginn: d’Mentalitéit, Affer ze sinn, an onse jüddeschen Iwwerleeënheetskomplex, esou den Rami Elhanan wieder. Wa mer et fäerdegbréngen mat Dignitéit a Respekt niewenteneen ze liewen, sinn de Rescht technesch Detailer. Dir kritt den Tempelbierg dann an dann fir zwou Stonnen, mir kréien d’Klagemauer dann an dann fir e puer Stonnen. Mir kënne Weeër fannen, wann ech net op deen aneren erofkucken, an dee muss net op mech eropkucken.

De Rami an de Bassam hu sech d’Iwwermëttele vun deem Message zur Missioun gesat. Der politescher Féierung an hirer Heemecht feelt et un der Stamina duerfir – op béide Säiten – eng dauerhaft Léisung iwwerhaapt wëllen erbäizeféieren.

D’Kanner, déi 10 Joer al waren 2014, wéi Israel d’Gazasträif bombardéiert hat, sinn d’Kämpfer vun der Hamas, déi d’Massaker de 7. Oktober duerchgefouert hunn, erkläert de Rami Elhanan. Wat wäerten d’Kanner maache vun den 30.000 Doudegen an der Gazasträif haut? Wéini ass deen nächste 7. Oktober?

Wa se d’Hamas wëllen eliminéieren – scho muer de Moien – da bräichte se just der illegaler Besatzung en Enn ze setzen, ass de Bassam Aramin der Meenung. Anescht behält d’Hamas déi gutt Excuse – an d’Fatah, an déi populär Front an den Islameschen Jihad – ze resistéieren. Si hunn d’Recht ze resistéieren. Et ass hinnen egal, wann d’Welt se Terroriste nennt. Et huet een d’Recht, sech ze verdeedegen, mee et huet een net d’Recht, aneren hiert Land ze besetzen.

Back to Top
CIM LOGO