Militärasaz RafahNetanjahu hält u geplangter Offensiv op d'Stad fest

RTL Lëtzebuerg
Rafah läit jo am Süde vun der Gazasträif.
© GIL COHEN-MAGEN POOLAFP

De Benjamin Netanjahu hält un der geplangter Militäroffensiv op d’Stad Rafah, am Süde vun der Gazasträif, fest. Hie sot gläichzäiteg, dass d’Offensiv wäert duerchgefouert ginn – och wann ee géing en Accord fannen iwwer d’Fräiloossung vun de Geiselen. Dausende Leit sinn e Samschdeg géint d’Politik vum Netanjahu uechter Israel op d’Stroosse gaangen. Vill Demonstranten hunn Neiwale gefuerdert, anerer wëllen eng Wafferou an nach anerer hu fir eng séier Fräiloossung vun de Geisele manifestéiert.

Ägypten warnt iwwerdeems virun de Suitte vun enger Offensiv op Rafah. Et kéint een net virausgesi wat geschitt, wann d’Palästinenser aus der Gazasträif verdriwwe ginn. Ägypten hätt kee Plang fir weider palästinensesch Flüchtlingen opzehuelen. Och fir Israel kéint dat nei Sécherheetsrisike bedeiten an et géing méi Onrou an déi ganz Regioun bréngen, sou heescht et vun Ägypten.

Aus der Gazasträif heescht et iwwerdeems, dass bei de leschten Attacke vun der israeelescher Arméi 127 Leit ëm d’Liewe komm sinn. Donieft huet d’Weltgesondheetsorganisatioun matgedeelt, dass d’Nasser-Spidol zu Chan Yunis net méi funktiounsfäeg wier, nodeems déi israeelesch Arméi d’Spidol gestiermt huet. Den Asaz hätt sech net géint d’Medezinner oder Patiente geriicht, mee géint d’Hamas, déi d’Spidol fir militäresch Zwecker benotzt hätten, sou heescht et vun Israel.

Back to Top
CIM LOGO