De Spëtzekandidate vun den Europäesche Sozialiste fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident huet e Sonndeg de Moien zu Bäerdref seng Stëmm fir d’Europawalen ofginn.
Den Nicolas Schmitt erwaart sech souwuel zu Lëtzebuerg wéi och iwwerall an Europa e staarkt Resultat fir d’Sozialdemokraten an d’Sozialisten. D’Europäesch Sozialisten hätten e Projet fir Europa, deen op d’Besoinen an op d’Suerge vun de Leit géing agoen an dat wéilt een an den nächste fënnef Joer ëmsetzen.
Och den Nicolas Schmit huet nach emol betount, wéi wichteg den Dag vun den Europawale wier. Et géing iwwert déi generell Orientéierung vun Europa an den nächste fënnef Joer ofgestëmmt ginn. An d’Roll, déi souwuel d’Parlament, wéi och de Kommissiounspresident hätt, wier wichteg, wat de Leit net ëmmer esou bewosst wier.
Europa misst op deem demokratesche Wee weiderfueren, misst méi sozial ginn a wirtschaftlech staark ginn, fir gutt Aarbechtsplaze fir d’Leit ze schafen, sou nach de Spëtzekandidate vun den Europäesche Sozialiste fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident.
An eisem Liveticker hale mir Iech de Ganzen Dag an och déi nächst Deeg um Lafenden.
Hei fannt Dir de kompletten Iwwerbléck vun den Europawalen.