US-Walen am NovemberNo Optrëtt an Tëlee-Debatt: Biden muss goen oder geet de Biden?

Petz Bartz
Schonn ier 52 Milliounen Amerikaner den Debattendesaster vum Joe Biden op CNN konnte kucken, hu bei villen Zweiwel bestanen.

Zweiwel nämlech, ob den 81 Joer ale Mann sengem Mandat nach gewuess ass. Säi schlecht Ofschneiden an de Sondagen, konsequent e puer Prozentpunkten hannert dem Donald Trump och an de sougenannte „Swing States“, dierft sech aller Viraussiicht no elo net méi erkréien. Eng negativ Impressioun bleift nawell gären un engem Personnage pechen …

Ass e Wiessel elo nach méiglech?

Groussbritannien huet gewisen, dass ee mat enger Walcampagne vun nëmme 6 Wochen e Wiessel kann erreechen. Frankräich mat esouguer nëmmen 3 Wochen. Mee d’Demokraten an den USA doe sech domat schwéier, dobäi sinn et nach annerhallwe Mount bis hir Partei-Konventioun zu Chicago a ronn 4 Méint bis d’Walen de 5. November.

Just 48% vun den demokratesche Wieler sinn der Meenung, den Joe Biden sollt Kandidat bleiwen. Allerdéngs sti bal alleguer déi gewielt Demokraten hannert hirem President. An der Ëffentlechkeet op d’mannst. Mee et rumouert an de Kulissen.

De Biden betount bei all Geleeënheet, hie géif de Kandidat bleiwen. De Schutz vun der Sympathie an dem Respekt dierft awer verfléien, wann en am November géint den Trump verléiert. Et wier dat trauregst Vermächtnis, dat hie senger Partei kéint hannerloossen.

De President huet d’Missioun, déi US-amerikanesch Demokratie ze schützen. Fir dat ze maachen, hätt e besser vun der Muecht ofzeloossen an de Wee fräi ze maache fir seng Vizepresidentin Kamala Harris.

© MANDEL NGAN/AFP

De Problem bei den Demokraten: D’Kamala Harris huet de gréissten Deel vun hirer Vizepresidentschaft ënnert dem Radar verbruecht. Sollt et souguer net u presidentschaftlechem Potential feelen, wat zu dësem Zäitpunkt kee ka wëssen, dann awer mat Sécherheet u charismateschem Féierungsprofil. D’Kamala Harris wier marginal méi populär wéi de Biden, läit awer och nach ëmmer hannert dem Trump. Och duerfir schéngen d’Demokraten net gewëllt, e Risk anzegoen, den Joe Biden vum Lassloossen z’iwwerzeegen.

Bis elo steet fir d’DNC, d‘Democratic National Convention, de 19. bis den 22. August zu Chicago, den Joe Biden um Ticket. Soulaang hien dat wëllt. Säin enkste Krees dierft et als onfair a vermessen empfannen, säi Récktrëtt ze froen an him an de Réck ze falen. D’Wirtschaft huet zougeluecht a senge 4 Joer, d’Léin sinn an d’Luucht gaang, d’Industrie boomt grad esou wéi den Aarbechtsmaart an hien huet ugefaangen, déi alternativ Energien esou auszebauen, dass d’USA elo schonn manner ofhängeg si vun de fossille Ressourcen.

Keen Ëmdenken am Wäissen Haus?

Sollt et zu engem Ëmdenke kommen am Wäissen Haus an engem Récktrëtt als President géif d’Vizepresidentin Kamala Harris automatesch dem Joe Biden seng Plaz iwwerhuelen a si kéint fir hir Walcampagne op d’Parteispenden zeréckgräifen, déi bis elo erakomm sinn.

Sollt et zu engem Ëmdenke kommen am Wäissen Haus an engem Récktrëtt als Kandidat besteet keen Automatismus. Dann, op enger oppener Partei-Konventioun, wier d’Kamala Harris eng Kandidatin ënner méiglechen aneren, déi déi Delegéiert misst vu sech iwwerzeegen.

Wie wieren aner méiglech Kandidaten?

Dräi US-Staate sinn essentiel fir eng Victoire vun den Demokraten: Wisconsin, Michigan a Pennsylvania. Allen dräi hu beléift a kompetent demokratesch Gouverneuren. Et wier net vun Eefalt en Tony Evers, e Gretchen Whitmer oder e Josh Shapiro an d’Course ze schécken. Si sinn alleguer méi koherent a méi iwwerzeegend wéi een Trump. An och méi jonk.

Och den Numm vum Gavin Newsom, dem demokratesche Gouverneur vu Kalifornien zirkuléiert, well en an der Vergaangenheet informell schonn Intressi fir 2028 ugemellt hat. Engem Reuters/Ipsos-Sondage no kéint awer just d’Michelle Obama sécher géint den Donald Trump gewannen, woufir si sech awer eegenen Aussoe no selwer net beruff fillt.

© BILL PUGLIANO/Getty Images via AFP

D’Sprooch, déi verstane gëtt, ass den Dollar

Et dierft den Demokraten awer Suerge maachen, dass vill Donateuren ugekënnegt hunn, hir Ordre-permanenten emol auszesetzen, bis den Joe Biden ersat ass. Déi Sprooch gëtt verstan an den USA. Virun e puer Méint hat d’Partei nach 100 Milliounen US-Dollar méi um Spuerbuch wéi d’Trump-Campagne. Am Juni louch de Solde vun den Demokraten bei 212 Milliounen an dee vum Trump scho bei 235 Milliounen US-Dollar. En neie Kandidat mat reelle Chancen dierft och d’Subventioune nei beliewen.

Erausklammen, ouni d’Gesiicht ze verléieren?

Am Representantenhaus an am Senat ginn awer mëttlerweil ëmmer méi Gespréicher gefouert, wat d’Kandidatur vum Joe Biden ugeet. Wann och nach hannert zouenen Dieren, well kee wëll als Verréider gestempelt ginn. Et zirkuléiere Bréiwer tëscht dem Kapitol an dem Wäissen Haus, wou de President frëndlech dra gebiede gëtt, seng Nominatioun a Rou nach emol z’iwwerdenken. D’Partei mécht duussen Drock, mee keen huet e Plang, wéi dat soll geschéien, ouni dass hire President d’Gesiicht verléiert. Am beschte Fall gëtt awer geschwënn eng Léisung fonnt. Am beschte Fall och virum nächsten Ausfall, well de Kampf géint d’Natur ass méi schwéier wéi dee géint den Trump.

Back to Top
CIM LOGO