Uelzen / NiedersachsenNo Sträit mat enger Schnéischëpp gouf e Mann op oppener Strooss ëmbruecht

Andy Brücker
E Sonndeg den Owend ass e Sträit tëscht zwee Männer déidlech ausgaangen.
Symbolbild
© MORITZ FRANKENBERG/dpa Picture-Alliance via AFP

E Mann vun 30 Joer an ee vu 26 Joer sinn e Sonndeg den Owend uneneegeroden. Wéi d’Police mellt war et wuel e Sträit mat oder ëm eng Schnéischëpp. Dobäi ass et awer net bliwwen, well um Enn huet de Mann vu 26 Joer deem vun 30 mat engem Messer an de Réck gestach.

Passanten hunn direkt d’Ambulanz geruff, mat där de Blesséierten och direkt an d’Spidol gefouert gouf. Allerdéngs ass hien do spéider u sengen uerge Blessure gestuerwen. D’Police huet de presuméierten Täter verhaft. Géint hie gëtt wéinst Doudschlag ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO